LEGO Star Wars UCS AT-AT (75313)

Opgepasst Star War Fans, den UCS AT-AT gouf offiziell virgestallt.

Säit Ufank 2021 diskutéieren Lego a Star Wars Fans  iwwer e méiglechen neien UCS Set. Elo wäert et tatsächlech kommen, de Lego UCS AT-AT 75313 – bekannt aus Star Wars Episod V – The Empire Strikes Back. Wéi gewinnt ass de Véierbeener vum Impersium relativ grouss: 69 x 62 x 24 cm. A wéi gewinnt ass et och relativ deier: Lego wëll 799 Euro fir de Set. En ass also mam Millenium Falcon 75192 (800 Euro) a Star Destroyer 75252 (700 Euro) ee vun den deiersten Star Wars Modeller.

Den AT-AT besteet aus 6,785 Deeler, e bësse manner wéi de Millenium Falcon fir déiselwecht Zomm Suen. De Set enthält insgesamt néng Minifiguren: e Kommandant, zwee keeserlech Piloten, fënnef Blizzard Truppen a Luke Skywalker an engem Schnéi-Speeder Outfit a mat engem bloe Liichtsabel.

Vu baussen weist sech den AT-AT am typesche imperialeschen Gro. De Modell kann och op der Säit opgemaach ginn. Da gëtt en Abléck an déi bannenzeg Funktiounen, an deem et Plaz gëtt fir zwee Speeder Bikes, eng Blasterkanoun a vill Blizzard Troopers. Déi zwee Piloten an de Kommandant (bekannt als General Veers am Film) kënnen am Cockpit platz huelen.