Den Apple 1 fir 1 Millioun Dollar?

© WIKIPEDIA

Den Apple 1, deen 200 mol fir 666,66 Dollar verkaf gouf, sicht elo een néier Besëtzer. Et war deen éischten Computer deen Apple vermaart gouf. Den Steve Wozniak a Steve Jobs hunn dësen Computer entwéckelt. Momentanen Wäert vun engem Apple 1 läit tëscht  400.000 a 600.000 Dollar. Ma d’Auktiounshaus John Moran geet dovunner aus, dass de PC schlussendlech iwwert 1 Millioun Dollar erabrénge kéint.

© DPA

Den Computer deen elo am Auktiounshaus John Moran versteet gëtt, gehéiert engem, deen 1977 den Computer vun sengem Professer ofkaaft huet. No iwwer 40 Joer huet den Mann sech dunn entscheet, den Computer ze versteeën.

Laut Computer-Expert Corey Cohen , ginn et haut zu daags nach 60 Exemplare vum Apple 1. Fir lëscht gouf den Computer fir 900.000 Dollar an den USA verkaaft. Dat sinn ëmgerechent 777.000 Euro.