Vermësst: Angela Julia Spinelli (16) vu Wanseler

Angela Julia Spinelli (16) vu Wanseler ass den 1. November géint 19.30 déi leschte Kéier gesi ginn, wou hatt am Bus vu Réiden op Wanseler war.

Hatt ass 1,69m grouss, schlank, huet laang bordeaux-rout Hoer a schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Hat hatt eng schwaarz „Nike“-Joggingsbox, eng gréng „Nike“ Jackett a wäiss-schwaarz „Nike“-Schong un.

All Hiweis, wou sech dat vermësste Meedchen ophale kéint, soll dem Policebüro „Commissariat des Ardennes“ iwwer Telefon op den 244 891 000 oder per Mail op police.ardennes@police.etat.lu gemellt ginn.