Kriibserreegend Schuedstoffer: Warnung virun Pabeier-Schallimo

D’Stiftung Warentest huet nei Fuerschungsresultater zu Pabeier-Schallimo publizéiert.

Experten warnen virun Pabéier-Schallimoen . Si sollen eigentlech dofir suergen, datt manner Plastiksoffall an der Ëmwelt lant. Den Pabéier-Schallimoe bewierkt manner Plastikoffall, awer si schueden dem Konsument.

Bis elo ware se net besonnesch beléift bei de Keefer. Dëst war haaptsächlech well se als onstabil gëllen. Elo huet d’Stiftung Warentest geäussert, dat Pabeier-Schallimoe Gesondheetsschiedlech kënnen sinn. An den Pabeier-Schallimoen sollen sech Schuedstoffer befannen, déi souguer kriibserreegend sinn. Ee vun de Grënn dofir ass datt d’Fabrikanten Haarz op den Schallimoe zousetzen fir méi Stabilitéit ze garantéieren.

Stiftung Warentest publizéiert eng nei Etude

Den Konsumenteschutz vun der Aarbechtskammer Ueweréisträich test an dësem Kontext eelef Pabeier-Schallimoe. An all Produit gouf den méiglecherweis kriibserreegenden Monochloropropandiol (3-MCPD) nogewisen.

D’Stiftung Warentest warnt elo an hirer Novemberausgab virun den genannten Produiten. Am Joer 2020 ënnersichten Expertendes vum Chemeschen a Veterinär-Untersuchungsamt Münsterland-Emscher-Lippe schon 64 Schallimoen an entdeckten déi schiedlech Substanzen a ronn d’Hallschent vun de Produkter. Zousätzlech fält hinne laut „Ruhr24“,an all fënneften Schallimoe Dichloropropanol (1,3-DCP) op.

Well den Pabeier-Schallimoe Waasserléislech ass, besteet e grousse Risiko datt déi schiedlech Substanzen an de Kierper geléngen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.