Disney-Verfilmung vun„Schneewittchen“: Gal Gadot soll déi béis Kinnigin ginn

Déi 36 Joer al Schauspillerin soll sech aktuell an den Verhandlungen mat der Produktioun befannen

Photo by newindianexpress

Disney wëll hiert klassescht Märchen „Schneewitchen“ verfilmen. Dréiaarbechte sollen schonn d’nächst Joer ufänken. Am Regisseursstull setzt den Amerikaner Marc Webb. D’Haaptschauspillerin steet och zanter Juni dëst Joer fest . Rachel Zegler huet d’Éier „Schneewitchen“ verkierperen ze dierfen.

Awer wat wier d’Mäerchen ouni déi glamourös béis Kinnigin? Wéi d’Zäitschrëft „Variety“ gemellt huet, soll de „Wonder Awer wat wier d’Märchen ouni déi glamouréis béis Kinnigin? Wéi d’Zäitschrëft „Variety“ gemellt huet, soll de „Wonder Woman“ Stär Gal Gadot d’Roll vun der béiser Stéifmamm iwwerhuelen. Déi 36 Joer al Schauspillerin steet den Ament an der Mëtt vun de Verhandlunge mat de Produzenten. Dëst géif der jonker Fra d’Chance ginn hir béisaarteg a grujheleg Säit ze weisen.

Disney huet verschidde Live-Action-Verfilmungen vu senge klassesche Filmer produzéiert. Dorënner „Cinderella“, „Aladdin“ an „Maleficent“. „Schneewitchen“ wäert eng ganz speziell Verfilmung sinn. Well dat Märchen war deen alleréischten Animatiounsfilm, deen Disney 1937 erausbruecht huet. Vläicht weist Gadot dem Publikum och eng ganz nei Säit vun der béiser Kinnigin.

Well an engem Interview mat „yahoo“ huet d’Schauspillerin erkläert, wat hir wichteg ass, wann et ëm staark weiblech Rollen an Hollywood geet: “ An Hollywood hat ech scho eng laang Zäit d’Gefill, datt all d’Skripten, déi ech gelies hunn, d’selwecht sinn. D’Fra ass staark an haart, awer sou haart, datt si doduerch kal wierkt. Ech hunn dat onrealistesch fonnt. Ech war op der Sicht no méi, well ech weess, wat et ass heescht, eng Fra ze sinn. Ech weess, datt eis Geschichten derwäert sinn, erzielt ze ginn“

D’Fans mussen sech nach e bësse gedëllegen bis endlech erëm heescht: „Spigel, Spigel un der Mauer, wien ass dat Schéinsten am ganze Land?“

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.