Erfolleg bei Tesla: Model 3 ass fir d’éischte Kéier dee meescht verkaaften Auto an Europa

Am September stoung den Elektroauto un der Spëtzt vun den Zouloosungen.


Den Autoshiersteller Tesla ka sech iwwer grouss Erfolleger freeën. Am September huet dem Elon Musk seng Firma en Stroummaartundeel vun 24 Prozent an e Gesamtmaartundeel vun 2,6 Prozent erreecht. Fir d’éischte Kéier ass en Elektroauto un der Spëtzt vum monatlechen Ranking vun de meeschten verkaaften Autoen an Europa. Am September gouf dem Tesla säi Model 3 insgesamt 24.591 Mol kaaft.

Am Verglach zum Joer virdrun ass de Auto ëm 58 Prozent geklommen. De Model 3 ass zënter Juli 2017 a Produktioun. Bis Mëtt 2021 ware scho Millioune dovu weltwäit geliwwert ginn, sou datt et den erfollegräichsten Elektroauto vun allen Zäiten ass. Zënter dem Ufank vum Joer gouf den Auto insgesamt 99.419 an Europa kaf.

VW nëmmen op der véierter Plaz

Op der zweeter Plaz am Ranking steet de Renault Clio am September mat 18.246 neien Zouloossungen. De Dacia Sandero verfollegt den Renault Clio , mat 17.988 verkaaften Autoen. Volkswagen huet et dës Kéier net an Top 3 gepackt. De VW Golf steet mat 17.507 Zouloossungen op der 4. Plaz. Well ëmmer méi Leit sech e klimafrëndlecht Gefier wënschen, geet den Trend kloer an d’Richtung Elektroauto.

Am September hu emissiounsaarm Autoen e Wuesstem vu 44 Prozent gemaach. Op der anerer Säit sinn Zouloossungen vun Dieselgefierer däitlech erofgaangen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.