De längsten LEGO Set vun allen Zäiten: de „Titanic“ Kit presentéiert

D’Geschicht vun der Titanic war eenzegaarteg an dat bis zu sengem grujelegen Enn. Elo, 109 Joer no sengem Ënnergang, kann een Titanic mam Lego-Bausaz nobauen

Virun iwwer 100 Joer gouf Titanic vun engem Äisbierg sou opgeschlitzt, dass den Schëff wat net ënner goen kéint, trotzdeem ënner gaangen ass.

D’Schëff huet sech opgestallt fir de „bloe Band“ déi schnellsten Atlantikiwwerfaart ze gewannen a gläichzäiteg seng vill Clienten all erdenklech Facilitéite ze bidden.

Den Mythos „Titanic“ als Bausaz

Duerch hiren Ënnergang gouf si zum Mythos, den bis haut unhält a ëmmer néi Neiegkeeten produzéiert. Natierlech war et nëmmen eng Fro vun Zäit ier Lego e Bausaz rausbréngt. A genau wéi Titanic setzt en och Rekorder: Mat 1,35 Meter ass et de längste Bausaz an der Geschicht vun der Firma Lego.

Wärend d’Original an enger Déift vun 3.000 Meter um Nordatlantik läit, kënnen d’Lego- an/oder Titanic-Fans elo d’Replique op der Uewerfläch an enger Skala 1:200 nobauen.

Titanic Dimensiounen

Dat offiziellt „LEGO Titanic (10294)“ genannten Modell, besteet aus 9090 Deeler, erreecht eng Héicht vu 44 cm, eng Breet vu 16 cm an ass tatsächlech 1,35 Meter laang wann se komplett zesummegesat ass. De risege Bausaz weist d’Titanic am Detail an net nëmmen vun baussen (kuckt Iech de Video hei ënnen un).

Esou Dimensiounen an Detailer hunn dann och vill Gewiicht an een héijen Präis: den aarme Bréifdréier muss Iech 12,8 Kilo schleefen, wärend Dir d’Lego-Keese jeeweils ëm 629,99 Euro beräichert. De Kit ass offiziell ab dem 1. November 2021 verfügbar, exklusiv an de LEGO Geschäfter an am LEGO Online Shop.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert