Präiserhéijung beim Coca-Cola Grupp

D’Coca-Cola Grupp wäert d’Präisser vu senge Produkter ëm ongeféier siwe Prozent erhéijen.

Ginn d’Konsumenten geschwënn mat eidelen Regaler konfrontéiert? Coca-Cola huet viru kuerzem eng Präiserhéijung ugekënnegt. D’Begeeschterung fir dës Noriicht ass limitéiert an d’Fro, wéi wäit d’Händler domat wëlle matgoen, ass bis elo onbeäntwert bliwwen.

Wéi ënner anerem „Lebensmittel Zeitung“ matdeelt, sollen d’Präisser ëm ronn 7 Prozent eropgesat ginn. Bal déi ganz Produktpalette ass betraff. Nieft Coca-Cola huet Firma nach aner  Erfrëschungsgedrénks, wei am Bild uerwen ze erkënnen. Awer d’Auswierkungen kéinten sech net nëmmen am  Portmonni vum Clienten bemierkbar maachen

Präiserhéijunge vu ronn siwe Prozent

Präiserhéijungen féieren dacks Sträit mat den Händler, déi hiren Clienten den beschten Präis wëllen verkafen. Virun Kuerzem haten mer scho sou eng Situatioun. D’Mark Haribo hat hir Präisser an Luucht gesat an doduerch gouf d’Mark temporär aus der Gamme vum Lidl geholl, well den Händler an den Grupp sech net eens ginn sinn.

Coca-Cola huet hir Handelspartner elo an engem offizielle Bréif iwwert d’Präiserhéijungen informéiert. Eng ëffentlech Reaktioun steet nach aus. D’Konsumenten wäerten dëse Wanter souwisou mat  puer Präiserhéijungen konfrontéiert ginn. Liewensmëttel wéi Nuddelen oder Uebst a Geméis sinn betraff.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.