LËTZEBUERGER MONOPOLY

© Adada (11 AOÛT Media)

D’Librairie Ernster an Lëtzebuerg huet eng nei Editioun vum Spill Monoploy Lëtzebuerg erausbruecht. Hasbro huet scho virum puer Joer eng solch Editioun rausbruecht. Den Besëtzer vum Ernster wollt awer eng aktuell Versioun.

Am Plaz vun der deierster Adresse Schlossallee, kann een elo de Palais grand-ducal an Gëlle Fra kafen. D’Gare goufe ersat duerch Bus, Tram, den Vëlo an den Funiculaire. Awer och soss ass dës Editioun net wéi all aner.

© Adada (11 AOÛT Media)

Spillfeld ass op Franséisch an Englesch, awer Kaarten vun den Gebaier sinn op Lëtzebuergesch. Spill selwer bleift dat selwecht. Et geet drëms Stroossen ze kafen, Haiser ze bauen an den Matspiller Suen ofzeknäppen. Et kritt een et am Ernster net ze kafen, well et war beim Release no 8 Deeg ausverkaaft.

D’Librairie huet awer verséchert, dass am Abrëll 2022 nach eng kéier 6.000 Exemplairen op de Marché kommen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.