Selbstwertgefühl stärken für Kinder/Jugendliche
Emmer méi Kanner a Jugendlecher hun hautzedaags Schwieregkeeten selbstbewosst ze sinn oder hunn dat Gefill datt Sie sech selwer guer net richteg kënnen. Mee och Erwuessener hunn oft Problemer sech selwer ze schätzen oder hier Ängscht ze iwerwannen. Virun allem wann een grad d´Schoul gewiesselt oder ofgeschloss huet, an een elo an eng néi Schoul bzw. Berufswelt kennt, hunn vill jonk Léit Angscht firun deem wat se bis elo net kannt hun. Sie hun Angscht hier „Comfortzone“ ze verloossen an bleiwen léiwer bei deem, wou se sech sécher fillen an sech net iwerwannen mussen, fir eng néi Situatioun ze erliewen.
Genau aus deenen Grënn hun ech mir geduecht, datt et wichteg ass, deenen Menschen ze hëllefen an hinnen mat mengem Buch den eischten Schrëtt zum „selbstbewusstsein“ ze weisen. D´Buch ass wéi eng „Anleitung“ opgebaut, mat villen Tipps an Übungen fir méi selbstbewosst ze ginn, déi een dann och direkt ëmsetzen kann.
Ween sinn ech ?
Main Numm ass Fabienne Rausch, ech sin 24 Joer aal an hun schon emmer gären gelies an geschriwwen. Ech hun och Sprochen immens gär an iwersetzen doweinst och oft Texter asw. Während der Pandemie sinn ech dunn op „Amazon KDP“ gestouss, wou een als Individu Bicher kann op Amazon roplueden an verkaafen. Ech hun also ugefangen Bicher ze schreiwen, déi menger Meenung no gebraucht ginn an wou och eng Nofro ass.
Main Buch „Selbstwertgefühl stärken für Kinder/Jugendliche“ ass mëttlerweil suguer an villen Schoulen am Land am CDI oder am SEPAS ze fannen, wat mech ganz frou mecht, well ech hätt nie geduecht, datt ech engkeier Bicher schréiwen, déi och nach aaner Leit weiderhëllefen kennen.
Main Ziel ass et, mat deem Buch souvill Léit wéi méiglech, op kleng oder grouss, ze hëllefen sech selwer besser kënnen ze léieren an och sech selwer ze schätzen wëssen. Et soll de Menschen hëllefen, Ängscht ze iwerwannen an sech och mol ze trauen „NEE“ ze soen. Firun allem sollen Kanner/Jugendlecher och wëssen, datt een och mol daerf just un sech denken an wéi een seng Dreem an Wënsch am beschten an d´Réalitéit emsëtzt.
Vue datt ech jo gären iwersetzen, ass main Buch natierlech och an 3 Sproochen op Amazon disponible:
Deutsch
Français
English
Wat ass an Zukunft geplangt ?
An Zukunft kommen natierlech och nach méi Bicher vun mir, wéi zum Beispill main néit Buch „Kosmetik selber machen : Naturkosmetik DIY“.
Et ass opgebaut wéi een Rezeptbuch mat villen verschiddenen Rezepter fir Kosmetikartikelen wéi Mascara, Shampoo, Deo, Cremes, Heilsalben asw. selwer ze maachen ( also éischter eppes fir d´Mammen 😉 ). Dat deet net nemmen der Ëmwelt an ärem Porte-monnaie gutt, mee och ärer Haut bzw. ärem Kierper, well héi kënnt Dir ierch sécher sinn, wat an ärem Produit wierklech dran ass.
Passend fir d´Chrëschtzäit kënnt Dir also heimat och selwer gemaachten Cadoen verschenken, natierlech ass d´Buch awer och eng gutt Cado´s Alternativ!
Hei kënnt Dir ierch d´Buch op Amazon ukucken : https://amzn.to/3vODmiD