Gyroszopp

Gyroszopp Rezept: kann et méi männlech sinn? Mir mengen nee. Hei weisen mir Iech wéi Dir dës Zopp perfekt virbereet.

Zutaten / Ingrédiente (4 Leit):

  • 1 kg Gyros geschnëtzeltes (Gyros Art)
  • 2 Zwielef
  • 1,5 Liter Waasser
  • 1 TuutZwiwwelzopp (Knorr)
  • 1 giel a rout Paprika
  • 1 Fläsch Zigeunersauce
  • 250ml Ram
  • 200gr Schmelzkäse

Rezept:

  1. D’Zwiwwelen a Paprika an kleng Wierfelen schneiden.
  2. Ueleg an der Pan erhëtzen
  3. Zwiwwelen an Fleesch an der Pan ubroden
  4. Tut mat der Zwiwwelzopp an engem Dëppen kachen
  5. Alles aus der Pan an een grouss Dëppen ginn
  6. Zwiwwelzopp,. Ram den Schmelzkäse, Zigeunersauce an Paprika an dëppen maachen
  7. 20 Minutten kachen loossen.