Dräi Eechelen Musée
Festung, Geschicht, Identitéit
Eng Festung als Kultursite: De Musée „Dräi Eechelen“ läit am renovéierte Gebai vum Fort Thüngen, gebaut tëscht 1732 a 1733, direkt nieft dem Mudam. Dat historescht Musée Gebai ass selwer e wichtegt Element vun der permanenter Ausstellung „Festung, Geschicht, Identitéit“. Mat senge beandrockende ënnerierdesche Galerien a Minièren entsprécht d’Gebai gréisstendeels dem ursprénglechen Zoustand vun der leschter Expansiounsphase vun 1836/37. Hannert de Festungsmaueren entdeckt de Besucher iwwer 600 permanent ugewise Objeten an originell Dokumenter. De Musée presentéiert speziell Ausstellungen um éischte Stack. An an engem Multimedia Raum kënne Besicher interaktiv wichteg Themen verdéiwen.
Offiziell Websäit: https://m3e.public.lu/fr.html
Ëffnungszäiten:
Dënschdeg – Fréides | 10.00 – 18.00 |
Mëttwoch | 10:00 – 20.00 |
Präis:
Erwuessener | 7€ |
Grupp (= 10) : | 5 € pro Persoun |
Famill | 10€ (2 Erwuessener & Kanner) |
Studenten | Gratis |
Kaart:
Bildquellen:
- 32735-resize-1000x665x80: visitluxembourg