Basis Equipement fir den Bëbee

Wann déi zukünfteg Elteren fir d’éischte Kéier an e Bëbeesbuttek era kommen, gi se normalerweis iwwerwältegt vum Sortiment. D’Fro stellt sech séier: wat muss dovunner sinn, a wat kann am Geschäft bleiwen? Muss et deen super deieren Wëndeleemer sinn, den bequeem déi sténkend Wëndelen ouni Geroch apaakt oder geet  den einfachen Modell aus dem Baumaart duer? Braucht de Puppelchen wierklech eng elektresch ugedriwwe Schaukel oder éischter eng Krabbel oder Spilldecken? Sollt Dir e Wéckeldësch kafen? Eng Saach ass ganz kloer: Vill Saache sinn flott ze hunn, awer alles muss  et net onbedéngt sinn. An dësem Post wäerte mir Iech weisen wat Dir wierklech fir Ären Nowuess braucht, an op wat een wierklech verzichten kann.

Dat brauchs du tatsächlech fir däin Bëbee

D‘ AMAZON Wonschlëscht

Beim éischten Kand wäert dir schnell mierken, dass dir quasi näischt selwer kafen musst, well Frënn, Famill oder Bekannte, all froen wäerten: Wat feelt dir nach?, Wat kann ech dir schenken? An Wat brauchs du nach fir den Bëbee?. Ouni sou eng Wonschlëscht, kann et virkommen, dass du oft dat duebelt Geschenkt kriss, anstatt deenen Saachen déi s du nach brauchs.

Dofir lee dir eng Wonschlëscht op Amazon un.

Op déi Wonschlëscht kanns du alles drasetzen wat s du nach gebrauchen kanns. Dann kanns du déi Lëscht mat all dengen Leit deelen, sou dass een déi Saachen vun der Lëscht bestellen kann. Déi Artikelen déi kaf ginn, kann een keng 2ten kéier bestellen!

Bekleedung

Natierlech brauch Äre Puppelchen Kleeder. Fir bannen a baussen. Wann Dir Bëbeeskleeder kaaft, gitt sécher datt et aus Hautfrëndleche Materialien ass an net duerch staark Farwiervung oder chemescher Beaarbechtung belaascht sinn. Den organesche Sigel fir Bëbeeskleeder kann Iech d‘Sécherheet ginn. Wéi eng Kleeder déi Dir sollt kafen hänkt vill dovun of ob Äert Kand am Summer oder am Wanter gebuer gëtt. Prinzipiell empfeele mir Iech déi folgend Kleedungsartikelen fir den Ufank.

Fir Doheem:

  • 6-8 Bodies, je no  Joreszäit  Kuerz- oder Laangaarm (Gréisst 56 – 68)
  • 6 – 8 Pullover (Gréisst  56 – 68)
  • 2 kleng Mutzen fir dobannen
  • 6 Strampler (Gréisst  56 – 68)
  • 3 – 4 Collant
  • Dräi puer deck a dräi puer dënn Bëbeeséckchen
  • 3-4  Pyamas-tunique (Gréisst  56 – 68)
  • 2-3 Schlofsäck an der klengster Gréisst

Fir Ënnerwee:

  • 2 Mutzen, der Joreszäit entspriechend
  • 2 Jacketten (Gréisst  62 – 68)
  • Eventuell eng gefidderten Kombi
  • Eng Decken, well kleng Puppelcher éischter kal kréien

Wéckelen, bueden a fleegen

Och hei bitt de Maart eng Varietéit u verschidde kosmetesch a Fleegeprodukter fir Bëbeen un. Ob wat s du guer net verzichten dierfs, steet hei an eiser Lëscht:

  • Wëndel an der klengster Gréisst
  • Een Wëndeleemer mat Deckel
  • Fiicht- oder Uelegdicher em den Pupes propper ze halen
  • Eng Schutzcrème fir den Pupes 
  • Eng Buedbidden extra fir Bëbeeën
  • Extra Bëbeesseef  fir an d’Buedbidden
  • Eng  Pflegelotioun fir nom bueden
  • Eng duuss Biischt
  • Eng ofgeronnten Neelfeil
  • Läppercher, Handdicher
  • Späitzdicher

Fidderen a Stëllen

Fraen,déi Stëllen, hunn et hei net sou schwéier. Alles wat Dir braucht ass 4-5 gutt passende Stëll-BHs an Stëlleinlagen. Wann Är Fra net Stëllen kann oder well, sollt Dir Iech folgend Saachen zouleeën:

  • 6 Bëbeesfläschen mat Stëpp mat der Gréisst 1 fir Mëllech
  • 2-3 Stëpp fir den Téi
  • 1 Biischt fir Fläschen propper ze maachen.
  • Ufanksmëllech.  Wat eng Mëllech fir Iech an äre Partner gëeegent ass, ass am beschte mat der Hiewan oder Kannerdokter an der Maternité ze diskutéieren
  • Nice-to-have: Een  Fläschensterilisator, alternativ kënnt  dir Fläschen awer och an engem Dëppen mat kachendem Waasser auskachen.
  • 1 Fläschenwiermer

 Kannerzëmmer

Hei dierfen sech Mamm a Papp besonnesch austoben. Awer ass net alles, wat engem gefält, och onbedéngt een Muss.Folgend Saachen gehéieren awer op alle Fall an Kannerzëmmer

  • 1 Bëbeesbett mat enger gudder Matrass
  • 2-3 Läindicher
  • 1 Wëckelkommoud oder een Wëckelopsatz fir op Bett
  • 1 Luucht déi hëtzt ofgëtt iwwer der Wëckelplatz
  • 1 Wëckeloplag
  • 1 Mobile
  • 1 Schmuseduuch

Transport: Sou kënnt den Nowuess ëmmer gutt an sécher un

Wien mam Bëbee ënnerwee  well sinn, muss sech e puer Saache kafen, déi net grad bëlleg sinn. Dofir siche vill Elteren dacks hei no gebrauchten Exemplare. Awer ouni des Helfer geet et leider net. Dëst ass wat de Puppelchen ënnerwee brauch:

  • 1 Kannersëtz bzw. Bëbësschuel fir d’Rees am Auto ass obligatoresch!
  • 1 Kannerkutsch deen een fir puer Altersgruppen embauen kann
  • Een speziellt Duch fir Kanner ze droen
  • Eng Wëckelposch mat all den gebrauchten Fleegeartikel

Dir gesitt, Dir braucht ganz vill Saachen fir Äre Puppelchen. Déi meescht Saache begleeden Iech awer duerch dat ganzt Puppelchensliewen a musse just eemol kaaft ginn. Aus aneren Saachen wäert äre Bëbee rauswuessen. Besonnesch aus Kleeder. Awer och Stëpp vun den d’Mëllechfläschen oder den Autossëtz muss och iergendwann dem Alter an der Gréisst vun Ärem Kand ugepasst ginn.