Folgend 6 Liewensmëttel léisen Migrän aus

Wien ënnert Migrän leit, soll verschidden Liewensmëttel besser op der Säit loossen, well déi triggeren , den Ufall also ausléisen kënnen.

Dat wënscht een kengem: buerenden Kappwéi kënnegt eng Migrän un. Déi Fro dobäi ass: Kann ech duerch eng bewosst Ernärung d’Risiko miniméieren? D’Fuerschung ass sech eens. Verschidden Gedrénks a Liewensmëttel erhéijen den Risiko enger Migrän.

Folgend 6 Liewensmëttel léisen Migrän aus:

Kaffie

Kaffie kann souwuel Migrän ausléisen als och verhënneren. Munchen Patient konnt scho een Migränschub mat Kaffie stoppen, anerer mierken, datt e Mangel u Kaffi de Kappwéi duerch Réckzuchssymptomer ausléist. Wien also gewinnt ass Kaffie ze drénken, behält sech dës Gewunnecht also besser bei, anerer kënnen versichen, den Ufall mat Koffein ze stoppen. Wien sech onsécher ass, léist awer besser komplett d’Fangeren vum Kaffie

Fleesch 

Am Fleesch ass Nitrat enthalen, besonnesch an der beléifter Wurscht. Dësen Konservéierungmëttel ass een Migräntrigger.

Alkohol

Alkohol gëllt als heefegen Ausléiser enger Migrän. Virun allem déi Inhaltsstoffer Tannin an Tyramin fiederen eng solch Attack. Dowéinst ganz uewen an der  Lëscht vun den Verdächtegen: den rouden Wäin. Hien enthält extrem vill vun den béiden Saieren. Awer och all aner Alkoholika kann eng Migrän fiederen. Et kënnt natierlech och op quantitéit un. Wien sech net sécher fillt, wéi vill en vun wat engem Alkohol verdréit, verzicht am beschten komplett.

Zitrusfriichten

Natierlech sinn Orangen a Zitrounen am Fong gesond an enthalen vill Vitamin C. Awer och Histamin an Tyramin (wat mir scho vum Alkohol kennen). Béid Substanzen kënnen d’Warscheinlechkeet vun engem Migräneufall erhéijen.

Schockela

Schockela, dee vu ville gär giess gëtt, steet och an Verdacht Migränen ze verursaachen. Et enthält och Tyramin. Allerdéngs muss een bei  Schockela  eng grouss Quantitéit iessen, éier Symptomer vun enger Migrän optrieden.

Dréchen Friichten

Déi an den dréchenen Friichten virkommend Sufilte gëllen genausou wei Histamin Tyramin als Migräntrigger. Betreffend Mënschen sollen vun do hir nëmmen no Moss iessen oder gläich ganz drop verzichten