Wat soll een virum Sport iessen?
Wat Wat soll een virum Sport iessen? Mir hunn iech hei wichteg Hiweiser, Tipps an Ureegungen opgeschriwwen.
Wichtegen Hiweis
Ronderëm d’Iessen virum Sport gi et zuelräich Geschichten, vun deenen vill guer net stemmen.
Wat wierklech hëlleft, hänkt och dovunner of, weieng Zieler di ustoend Übungen hunn: Fettof- oder Muskelopbau? Cardio? Reha?
Eng Saach kann een sengem Kierper allerdéngs an all Fall virum Sport spendéieren an et läit een ëmmer richteg domat: vill drénken! Sou beugt een dem Flëssegkeetsverloscht duerch dat aktiivt schweessen fir. Mais opgepasst: de mënschlechen Organismus Ënnerscheed sech vun dem vum Kaméil oder Dromedare. Statt direkt virum Training 1Liter ze drénken, soll ee scho Stonnen virdrun domadder ufänken an dem Kierper déi an klengen Eenheeten zouféieren.
Iessen virum Sport: Zäitpunkt
Well di meeschten Energie aus der opgehuelen Nahrung meeschtens fir Muskelen reservéiert soll sinn, net awer fir Verdauung, empfeelt et sech, di lescht feste Nahrung zwou bis dräi Stonnen virun Trainingsunitéit zou sech ze huelen.
Dat hänkt och mat der Geschwindegkeet, mat där Fetter Proteinne an Kohlenhydrater, verdaut gi, zesummen.
Den idealen Timing ass erreecht, wann dir Verdauungsphase zum Ufank vum Training ofgeschloss hutt an déi duerch Nahrung opgehollef Energie dem Kierper exakt zum Zäitpunkt zur Verfügung steet, wou se gebraucht gëtt.
Iessen virum Sport: Nahrungsmëttel
Dat iessen dat dir iessen sollt virum Training soll liicht verdaulech sinn an weder fett- nach ballaststoffräich sinn.
Ee gudde Steak z.b., soll also, och wann en lecker ass, léiwer stoe gelooss gi.
Dofir sollten Sportler, di hier Zieler verfollegen an éiergäizeg sinn, sech léiwer un folgende Nahrungsmëttel halen:
- Eeër: Sie liwweren Energie duerch héichwäertegen Eewäiss an sinn liicht verdaulech
- Fësch: Räich un ongesättegten Fettsaieren an gutt verdaulech
- Magerquark: Liwwert och genuch Energie, ouni den Organismus duerch iwwerméisseg Verdauung flaach ze leeën
- Haferflocken: maximal 100 Gramm a Waasser
- Räis: kann och nach 45Min virum Training giess gin
- Selwergemaachen Bananenshake, bestoend aus enger Banann, zwee Iessläffel Magerquark an 250ml Mëllech. Wien et huet kann och nach een Iessläffel Lupinenmehl zouginn.
Wien sech un des Liewensmëttel hält an un de richtegen Zäitpunkt fir deenen hier Opnam, sou dass Energie zum Trainingsoptakt fräiginn ka ginn, de wäert séier feststellen, dass en vill méi leeschtungsbereet wärend dem Sport wäert sinn.