Mann baut 5 Joer laang déi giganteschst Minecraft-Welt aller Zäiten

Säin Kinnekräich ass déi ultimative Fantasy-Welt am „Minecraft“-Universum.

Foto: Screenshot YouTube/Linard

De „Minecraft“ Pro uploadt reegelméisseg Updaten op YouTube, bis elo war nach keen Video sou duerch den Daach gaangen wéi deen hei drënner.

Fans sinn alleguerten mega begeeschtert vun senger alleréischter Leinwand-Versioun vu senger Fantasiewelt, d’Detailer vun de mëttelalterleche Gebaier si sou genial.

De Zocker-Architekt huet e klengt Wonner mat sengem Räich erreecht. Kuckt Iech selwer un!

Am Spill „Minecraft“ kënnen Gamer hir eege 3D Welt aus quadrateschen Bléck erstellen an Abenteuer do erliewen.