Soll een an engem ofstierzenden Lift virum Opprall sprangen?

Papp.lu kläert iwwer déi grouss Mythen vum Alldag op. Haut geet em Fro, ob et Sënn mëscht, an engem ofstierzenden Lift kuerz virum Opprall ze sprangen?

Sprangen am ofstierzenden Lift?

Et kléngt zimmlech logesch: de Lift fält erof, awer e puer Meter iwwer dem Buedem sprangen rett engem d’Liewen, wärend de Lift zerstéiert gëtt. Awer dat ass eng Illusioun:

Als éischt ass de richtege Moment schwéier ofzeschätzen. Zweetens, eng Persoun AM Lift huet deselwecht Falgeschwindegkeet wéi de Lift selwer, kee Mënsch kéint dat  duerch Sprangen ausgläichen. Wann de Lift zum Beispill mat 150 Kilometer an der Stonn eroffält, muss de Mënsch sech mat enger Geschwindegkeet vun 150 vum Buedem ofhiewen – hien packt awer maximal 5.