Léieren mam Kand

Besonnesch an den éischten dräi Liewensjoren ass är Kand vun engem enke Kontakt mat Iech ofhängeg. Well dëst ass deen Wee wéi Äert Kand léiere kann ze schwätzen. D’Ausnam wier mat Geschwëster.

Déi éischt Wierder mat engem Joer

Zwar ass et ënnerschiddlech, wann d’Kand mam Schwätzen ufänkt ze léieren. Mee am Allgemengen kann een beobacht ginn, dass d’Kand ab engem Alter vun engem Joer di éischt Wieder ufänkt ze formen. Munch Kanner loossen sech domat awer nach Zäit. Dat sollt awer keen Grond fir besuergt ze sinn.

Och wann d’Kand sech soss ganz normal entwéckelt, kann et virkommen, dass sech d’Kand mat der Sproochentwécklung Zäit bis zum 2ten Liewensjoer léist. Wichteg ass awer, dass d’Kand mat 2 Joer mindestens 50 Wieder schwätzen kann.

Fir d’Entwécklung vun der Sprooch sinn och aner Sënner, wéi folgend

  • Fillen
  • Richen
  • Schmaachen
  • Kucken

entscheedend. Well Kanner tëscht engem an dräi Joer hir Ëmwelt mat all hire Sënner entdecken. Si wëllen spieren,

  • wéi eppes richt oder schmaacht
  • wéi et sech ufillt
  • wéi eng Faarf a Form den Objet huet
  • ob et mëll oder éischter haart ass

All déi ënnerschiddlech Andréck späichert d’Kand an sengem Gediechtnes of, zesummen mat den dobäi empfonnten Gefiller oder déi dobäi akustesch wei och optesch opgehollen Ausdréck a Wieder. Sou léiert d’Kand d’zesummenhänke tëschent verschiddenen Saachen kënne.

Lies dem Kand méi oft eng Geschicht vir! Niewent der Ureegung vun der Phantasie erkennt d’Kand zousätzlech interessant Saachen an Zesummenhäng. Zur gläicher Zäit fillt kann sech gebuergen, well et no un den Elteren läit.

Sou kanns du d’Entwécklung vum d’Kand tëschent 1 an 3 Joer ënnerstëtzen

Gëff dengem Kand no Méiglechkeet genuch Geleeënheet, an Gespréicher innerhalb der Famill deel ze huelen. Loosst et matschwätzen a motivéiert d’Kand ëmmer rëm ze schwätzen. Dobäi ass et wichteg an einfacher Sproch ze schwätzen. Benotzt awer keng Babysprooch dofir! Well domat hëlleft Dir den Kand net mat der Sproochentwécklung.

Loosst d’Kand ëmmer sou babbelen oder schwätzen, wéi et kann – och wa se am Ufank net kloer schwätzen oder nujelen. Kuckt dem Kand genau a versicht z’interpretéieren, wat hie probéiert Iech ze soen. Och wann et heiansdo schwéier ass: loosst Äert Kand ëmmer ausschwätzen a gitt hinnen eng Äntwert.

Ënnert kengem Ëmstänn sollt Dir Äert Kand drängen ze schwätzen, zum Beispill andeems Dir hinnen net äntwert wann se nëmme mat hiren Hänn schwätzen oder nëmme Gesiichtsausdréck benotze fir ze kommunizéieren. Béid Aspekter sinn Deel vun der Entwécklung vun der Sprooch.

Wann d’Kand mat neie Wierder kënnt, déi vläicht net emol existéieren, dierf Dir iech op kee Fall driwwer lëschteg maachen. Dir sollt och drop verzichten, geraachten Feeler beim schwätzen dauernd korrigéieren ze wëllen, déi wärend dem Gespréich gemaach goufen. Gei op dat geschwaten vum Kand méi genau an an widderhuel d’Wieder an der richteger Aussproch. Nëmmen sou kann d’Kand richteg Schwätzen léieren

Froot d’Kand mei oft, wat et

  • fillt
  • richt
  • gesäit
  • oder schmaacht

aan der richteger Form. Duerch déi Froestellung animéiert dir d’Kand, d’Ëmwelt an sech genauer ze betruechten a säin Wort Vocabulaire allzäit ze erweideren.

Stells du fest, dass d’Kand am Géigesaz zu aneren gläich alen Kanner manner schwätzt an versteet, ass een Besuch beim Pédiatre recommandéiert.

Spillsaachen fir mat den Kanner vun 1 bis 3 Joer ze léieren

Am Verlaf vun der Entwécklung bis hin zu Schoul hëlt den Vocabulaire vum Kand beträchtlech zou. Et gëtt duerch verschidden Hëllefen motivéiert:

  • eegen Gedanken besser ausdrécken ze kënnen
  • Erliefnisser ze erzielen
  • gelauschterten Geschichten no ze zielen

VTECH Baby 80-522304  – Kiewerlek

Fir Jongen an Meedecher ab engem Joer ass den Kiewerlek beschten geegent. En besteet aus robustem Plastik an ass mat diversen Soundeffekten ausgestatt. Den Kiewerlek suergt fir Ofwiesselung fir d’Kand.

4 verschidden Formen mussen op den Reck gestach an richteg zougeordnert ginn. Sou léiert d’Kand spillerech Fuerwen an Formen kënnen. Per Sound ginn d’Formen an Faarwen benannt, wat beim Léieren zusätzlech helleft. Den lestechegen Kiewerlek kann einfach vum d’Kand hin an hir gezunn ginn.

Wann den Kiewerlek mat hellefe vun der Schnour gezunn gëtt, dräit sech den klengen Kiewerlek op säin Reck am Krees. Wann den Kiewerlek gedréckt gëtt, dann ginn déi asortéierte Formen rëm rausgeheit.

BABY BORN® FOR BABIES ACTIVITY HEART

Baby Born ass eng flott Popp, well d’Kand direkt an den Kontakt kënnt mat Duerwen, Geräischer an Formen.  Mam Rang deen drun ass, kann een se och un der Akafsweenchen befestegen.

D’Activity Popp eegent sech perfekt zum entdecken vun 

  • Gräifen
  • Héieren
  • Kucken
  • Staunen
  • Spieren

Déi Popp ass gutt veraarbecht an léist sech gutt propper maachen. Duerch seng angeneem Faarfkreatioun kann d’Kand net iwwerfuerdert ginn.  Fir vill Spaass suergt déi Knisterfolie. Den Rasselrang  an den Intenquietscher suergen fir eng gutt Ënnerhalung an stäerkt dobäi och déi visuell an akustesch Visibilitéit.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert