Jessica Mersch sicht fir…

am Kader vun e puer Artikelen Fräiwëlleger. Et geet ëm Persounen déi psychesch erkrankt sinn an hiert Liewen awer (erfollegräich oder och net) meeschteren. Ech wëll méi op dës Kränkten opmierksam maachen – ebe well dës Erkrankungen net sou offensichtlech wéi e gebrachent Been sinn. Mengt Dir, et wär méiglech mir do weiderzehëllefen? Dobäi kann et och ëm Suchterkrankunge goen. Domat hëllefe mir den Tabu e bëssen ze briechen an ze weisen, datt all Medail zwou Säiten huet.

Mäi Konzept oder d’Iddi fir de psycheschen Artikel:

Ech hat mir dat esou virgestallt – mee Virschléi vun Iech sinn natierlech och wëllkomm.

Fir d’éischt soll sech all Mënsch wuelfillen, et ass him selwer iwwerlooss, ob d’Gespréich schrëftlech, perséinlech oder via Videokonferenz ass. Et ass mir wichteg, ob all „Schicksal“ individuell anzegoen – Dir bestëmmt d’Grenz. Am beschte wär et mat enger Virstellung vun der Persoun – wëllt Dir anonym bleiwen – och de Virnumm ka genotzt oder geännert ginn. Hutt Dir Kanner/Hausdéieren (oder net), et ass Iech iwwerlooss, wat Dir mir an dësem Kader erzielt oder net soen wëllt.

Do geet et ënnert anerem ëm folgend Froen:

Wat fir eng Diagnos hutt Dir? Sinn et Suchtproblemer? Wéi koum et zu der Erkrankung, wéi huet sech de Problem bemierkbar gemaach? War et e laange Wee bis zur Realisatioun, datt Dir Hëllef braucht? Gouf eng Therapie gemaach? Mat Erfolleg? Symptomer, Skills – wat ass hëllefräich?

Leeft et gutt – zemools am Alldag? Hëlleft d’Aarbecht?

Wat sinn Är Stäerken? Schwächen? Wéi ginn d’Matmënschen domat ëm? Wéi eng Skills hëllefen Iech perséinlech an deem Kontext?

Een Erfollegserliefnis fir Iech ass? Wat ass dat Schwéierst? Firwat loosst Dir Iech net ënnerkréien?

Äert Liblingsbuch ass? Musek? Liblingsfaarf? Hobbyen? An natierlech wéi al sitt Dir?

(Ech wëll de Mënsch hannendrun kenneléieren, net nëmmen d’Symptomer.)

Dës Froe si mir mol duerch de Kapp gaangen. Et ass mir wichteg, datt Dir Iech keen Drock maacht – mir hunn Zäit. An ech brauch och net op alles eng Äntwert, keng Angscht!

Wou kéint Ärer Meenung no am Gesondheetssystem eppes verännert ginn? A wat wéilt Dir de Mënsche gäre soen, déi psychesch Erkrankungen net sou eescht huelen?

Eegen Umierkungen?

Ech wäert a wëll mäi Bescht maachen, fir dat Ganzt uerdentlech a respektvoll ze presentéieren! Ech gehéieren och dozou. Fir all weider Fro oder Virschlag, zéckt net mech unzeschreiwen, ech sinn do ganz oppen.

All Ufro kënnt Dir u meng Mailadress schécken.

jmersch@moien-mental.lu

Mat beschte Gréiss,

Jessica Mersch

PS: Dir sitt e couragéierte Mënsch a kënnt houfreg op Iech sinn!