Moderéiert Notzung vun Handy an Tablet fir Kanner

Wann et em Edukatioun an Grousszéien vu Kanner geht, kennt een net dolaanscht och iwwert Notzung vun den Medien ze schwätzen. Zanter der 2000er Generatioun ass dëst ëmmer méi een grousst Thema an et wäert sécherlech net ofhuelen. Aus dem Grond, hunn mir ons entscheet di verschidden „Point-de-vue“ hei opzeschreiwen an déi jeeweils unzegoen a méi am Detail ze kucken. Genau sou wëlle mir iwwert Gesondheet dobäi schwätzen.

Mythos Bildschiermer sinn net gutt fir d’Aen vun de Kanner

Hei gëllt et kloer ze ënnerscheeden vu wéi eng Bildschiermer geschwat gëtt. LED-Bildschiermer zum Beispill senden Luucht mat engem héijen Undeel am bloen Spektalbereich aus. An héijen Dosen kann dëse schlecht fir Netzhaut sin. Bei LED Bildschiermer soll een also gutt oppassen dass een wäit genuch ewech setzt an och mol reegelméisseg d’Aen zou mécht (z.b. Blënzelen).

Am Verglach zu de LED Bildschiermer sinn normal Bürosluuchten, Bildschiermer vu Computer, Smartphonen an Notebooke vill méi schwaach an do ass de Risiko extrem geréng dass et zu enger Netzhautschiedegung ka kommen.

Wëssenschaftler konnten bis ewell nach net beweisen dass duerch ze vill op de Bildschierm kucken een definitiven Ausléiser ass, dass Leit Netzhauterkrankungen hunn.

Wat awer kloer ass, ganz gesond ass et net 12std den Daach op egal wéi een Bildschierm ze kucken. Et soll een et normal konsuméieren an Aen fiicht halen.

Wéini ass déi beschten Zäit fir de Fernsee oder Tablett unzemaachen?

Hei gëtt et eigentlech just 1 Reegel déi wierklech all Elterendeel befollegen soll: Keen Fernsee virum schlofen goen!

Bloliicht  déi ausgestraalt gëtt vum Bildschierm huet Auswierkungen op de Kierper. Et ënnerbannt sou z.b. Ausschüttung vum Schlofhormon Melatonin an ënnerbannt  esou Middegkeet. Bloliicht am Dagesliicht ass Moies an Owes och wesentlech méi schwaach wéi z.b. Mëttes um 13h. Deementspriechend soll een also Auerzäiten upassen, well ee Kand wat 1std virum Schlofe goen nach Fernsee kuckt, wäert et schwéier hunn anzeschlofen respektiv ee gudden Schlof ze hunn.

Mir empfeelen also de Fernsee, Tablet asw. tëscht 10h Moies an maximal 18h Owes de Kanner als Zäitraum ze loossen.

P.S: Déi Saachen hei gëllen och fir Erwuessener, net nëmmen fir Kanner :)!

Wéi laang soll ech mengem Kand de Fernsee an Tablet loossen?

Den entscheedenden Faktor ass, wéi dir als Eltren den Alldaach gestallt. De Fernseh an Tablet kann ee komplett eweschloosen wann een soss genuch Aktivitéiten huet. An dach kommen Kanner an een Alter iergendswann wou dat netméi méiglech ass. Hei schwetzen mir vun der Spillschoul un. Am Emfeld gett vu Disney-Figuren, Filmer, geschwaat… jo och schon bei Kanner vu 4 5 Joer. Et wier also och aus sozialer Siicht net ganz glécklech dem Kand déi Medien komplett ze enthaalen.

De Fernsee an Tablet soll fir Kand eng Freet sinn, an him Spaass maachen. Et soll net niewebäi einfach matlafen. Duerno kann een dann och Auerzäiten riichten. Oft mierkt een dass d’Kand vum selwen de Bléck vum Bildschierm hellt an sech eppes aneschters zou went. De Moment kann een dann notzen an soen „Ok mir maachen elo de Fernsee aus!“ – Sou léiert Kand dass een net de ganzen Daach soll virum Bildschierm hänken an dass et eppes soll sinn wat ee genéissen soll fir Spaass drun ze hunn. Des Auerzäiten kennen vu Kand zu Kand variéieren. Iwwerdreiwen soll een et trotzdeem net! Gin jo och Kanner déi ouni Problem kennen 4std um Stéck de Bildschierm kucken 😉

Idealerweis recommandéieren mir 30min bis 90min maximal pro Daach. Sou huet Kand genuch Zäit Spaass drun ze hunn, an et ass sécherlech net schiedlech an Elteren hunn bëssi Paus, wat jo och net verkéiert ass.

Wat sollen/dierfen Kanner konsuméieren?

Wéi mir all wëssen gëtt et vill Blödsinn um Fernsee souwéi op den Tablets. Et gi allerdéngs och vill Saachen déi fërdert sinn. Hei puer Beispiller wat een de Kanner proposéieren kann:

  • je no Alter vum Kand Puzzle-Spiller oder Molspiller
  • Sendungen fir matzedenken
  • Spiller an Sendungen fir eppes ze léieren (Allgemengwëssen)

Vermeiden soll een wierklech de Kanner scho am jonken Alter Sendungen ze loossen di wierklech keen Sënn hunn. An gleeft ons, der gi et der wierklech vill!

Schlussfolgerung

Et ass een Mix aus allem. Mat dem Richtegen Inhalt vum Spill oder der Sendung, kann een Kand beschäftegen an et léiert och nach eppes dobäi. Iergendwann wäert et Loscht drun verléieren an vum selwen wëllen eppes aneschtes maachen. Dann huet een nämlech och de Faktor vun ze vill Fernsee net méi.

Haalt iech just am Hannerkapp dass di nächste Generatiounen ëmmer méi mussen op sou Saachen zeréckgräifen. Z.b. Tablets an der Schoul, Facetime/Zoom/Teams am Beruffsliewen asw… et wäert ëmmer méi zur Normalitéit gi, an mir vergläichen et mat onser Kandheet.

Affiliates Links*:

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.