Sou einfach mëss du déi beschten Bulletten
Wat mëscht een mat Gehacktes? Richteg, fein Bulletten!
Den Klassiker an verschidden Varianten: Bulletten, aus Gehacktes, Zwiwwelen an Ee schmaachen mat Gromperenzalot an Püree genausou gutt, wei mat exotescher Mangozalot, Risotto oder Sour-Cream-Gratin. Verfeinert ginn Bulletten mat fëschen Kraider an enger Kéisfëllung oder Nëss.
Zutaten / Ingrédiente (4 Leit):
- 1 Bréitchen vum Dag virdrun
- 1 grouss Zwiwwel
- 500g gemëschten Gehacktes
- 1 Ee ( Gréisst M)
- 1 Iessläffel mëttel schaarfen Moschter
- Salz
- Peffer
- 2-3 Iessläffel Botterschmalz
Rezept:
Schrëtt #1:
1 Bréitchen a vill Waasser leen a 10 Minutten aweechen loosen. Benotzt dobäi eng Schossel , sou datt d’Bréitchen komplett mat Waasser bedeckt ass, oder dréit d’Bréitchen eemol no ongeféier 5 Minutten ëm.
Tipp: Dir kënnt och Mëllech, roude Wäin oder Béier huelen fir d’Bréitchen anzeweechen.
Schrëtt#2:
1 Zwiwwel schielen an a ganz fein wierfelen . Si kann spéider réi an d’Fleesch dobäigesat ginn. Dir kënnt D’Zwiwwel och e bësse an Ueleg sautéiren.
Schrëtt #3:
Dréckt d’Bréitchen gutt aus. Wann Dir Är Hänn net wëllt huelen, da kënnt Dir d’Bréitchen tëscht zwee Briedercher auspressen
Schrëtt #4:
D’Gehacktes, Bréitschen, Ee, Zwiwwel an den Moschter an eng Schossel ginn. Mat engem Téiläffel Salz an 1/2 Téiläffel Peffer wierzen. Mat den Hänn duerchknieden. Keng Kichenmaschine benotzen, soss gëtt Mass schmiereg an Bulletten ginn ze fest.
Schrëtt #5:
Mat ugefiichten Hänn aus der Mass jee no Wonsch 8-12 Bulletten formen. Sollen Bulletten flaach bleiwen, eventuell fir Hamburger draus ze maachen, dann muss dir se gutt an der Mëtt andrécken.
Schritt #6:
2 Iessläffel Botterschmalz an eng grouss Pann ginn an erhëtzen. Nëmmen sou vill Bulletten an Pan leen, sou dass Hallschent ausgefëllt ass. So verhënner dir, dass Brodfett ze kal gëtt an Flëssegkeet aus den Bulletten trëtt. Bei mëttlerer Hëtzt vun all Säit 6 bis 8 Minutten broden. Réischt wenden, wann sech ënnen eng Krust gebilt huet.