Mäin Kand ësst net vill – wat soll ech maachen?

Een Thema wat ganz vill Eltere beonrouegt ass wuel dat heiten: Deenen aneren hier Kanner iessen alles, an onst ësst bal näischt. Wisou ass dat sou?

Ma hei ginn et 2 Typpe vu Kanner:

  • Dat Kand wat vun dem Moment un wou se Bräi a Fingerfood kréien alles ësst wat een em ubitt
  • Dat Kand wat am Ufank nëmmen dat selwecht iesse wollt a méi spéit ufänkt ze schmaachen

Mir kennen iech awer berouegen, léif Elteren, näischt vu béides ass ee Virdeel oder een Nodeel oder soss iergendeppes! Et ass wuel éischter ee Problem an onser Gesellschaft wat Eltere schlecht duerstellt wann Kanner am Ufank vun hirem Liewen nëmmen dat selwecht iessen.

Wisou ass dat ee gesellschaftlechen Problem?

Elteren déi hire Kanner nëmmen Nuddelen, Fritten a Kigelcher gi? Wow, dat geet jo guer net! Oder?

Vill Pappen a Mamme fillen sech schlecht wann se mat Bräi a Fingerfood hirem Kand vill Närstoffer bidde konnten, an se duerno näischt méi vun deene Saache wësse wëllen. Zum Beispill huet Kand am Bräi gäre Brokkoli an Äerdbiere gehat. Ma elo fir et esou ze iesse wann se bëssi mi grouss sinn, ass dat eng Katastroph. Dëst ass enger Säit ee gesellschaftleche Problem well dir iech da mat aneren Elteren a Kanner vergläicht. Iech fält da schnell op wann dir mat hinne schwätzt dass äert Kand guer näischt méi ësst an deenen aneren hier Kanner iessen alles.

Doduerch entsteet fir iech ee Problem wou guer keen ass. Gesellschaft mécht et nëmmen zu engem. Wann dir mat ärem Kannerdokter doriwwer schwätzt, wäert hien iech warscheinlech soen: „Ësst Kand genuch am Daach? Drénkt et genuch? Ass säi Gewiicht stabil?“ .. Wann dat alles ok ass, da sollt et och fir iech ok sinn.

Mir kennen iech berouegen, léif Elteren, dat ass absolut guer net schlëmm. All Mënsch huet ënnerscheede Goûten, sou och ons Kanner. Si duerchliewen eng Phase di puer Joer dauere ka wou hinnen nëmme verschidde Saache glëschten an schmaachen. Statistike beweisen awer dass dat sech mat evoluéiertem Alter ännert. Souwuel an di eng wéi vläicht och an di aner Richtung. Oder kennt dir een Erwuessenen den nëmmen Nuddele mat Botter ësst?

Ubidden, ubidden, ubidden

Dir als dem Kand säin Virbild kennt dem Kand regelmässeg aaner Saachen proposéieren. Kand kuckt villes bei den Dir als dem Kand säi Virbild kennt dem Kand reegelméisseg aner Saache proposéieren. Kand kuckt villes bei den Elteren an anere Leit of fir neits kennen ze léieren. Esou och beim Iessen. Leet iech an dem Kand roueg Saache wou et nach net kennt oder him scheinbar net schmaache mol onreegelméisseg mat op den Teller. Haalt dat Gemeckers vum Kand aus a maacht et just op Manéieren opmierksam dass een elo Iessen net soll vum Teller geheien oder soen et wier eekeleg. Et soll et einfach op der Säit leie loosse wann et dat net well. Zimmlech sécher kennt iergendwann den Zäitpunkt wou et dat da vläicht heemlech schmaacht. An wann net? – Dann ass et och net schlëmm! Zwéngt Kanner net dozou a loosst hinnen an hirem Iesse fräi Wal. Zumindest kennt dir iech dann net Schold dofir gi.

Wat soll een onbedéngt vermeiden?

Also egal wat Kand gären ësst an wat net. Et soll een op kee Fall di feelend Nahrungsmëttel duerch Fastfood oder aner Saachen ersetzen déi dem Kand ganz sécher schmaachen. Kuckt dass Kand awer ëmmer gesond ësst.

Beispiller:

  1. Chicken Nuggets si méi schlecht wéi Poulet aus der Pan
  2. Fritte si keng gebootschte Gromperen
  3. Fishsticks ass net mam normale Fësch ze vergläichen

Sicht iech Iddien wéi dir dem Kand kennt de Poulet schmackhaft maacht ouni mussen op Chicken Nuggets zeréck ze gräifen. Dir verstitt wat mir mengen.

Dat selwecht gëllt natierlech och fir Gedrénks. Probéiert ze vermeiden dem Kand Cola, Ice Tea, asw soulaang wéi méiglech fern ze halen. Genau esou ass et och fir Séissegkeeten.

Schlussfolgerung

Sief et dat Kand wat am Ufank näischt ësst, oder dat Kand wat duerno ob eemol net méi vill iesse well. Sidd iech ëmmer der Saach bewosst dass all Mënsch aneschtes schmaacht an sech entwéckelt. Kuckt just duerno dass dir als Eltere Virbildfunktioun ausféiert an dem Kand reegelméisseg gesond Saache proposéiert. Fast Food a Séissegkeete sollen ee Pleséier sinn, net den Alldag.

Affiliates Links*: