Wéini ass de beschte Moment fir de Pappen- bzw Elterecongé?
Déi Fro déi sech all Papp sécherlech eng Kéier stellt ass – Wéini ass fir mech de beschten Moment vum Pappe- bzw Elterecongé ze profitéieren? Ma effektiv ass dat net ëmmer sou einfach. Hei spillen méi Faktoren eng wichteg Roll, an genau déi, wëllen mir iech mat dësem Blogbäitrag mi no bréngen.
Den éischten Pappecongé
10 Deeg Pappecongé no der Gebuert
Den direkte Pappecongé, den engem Papp ze gutt steet, nodeems d’Kand op d’Welt komm ass sinn 10 Deeg. Theoretesch gesi steet et dem Papp fräi ze soe wéini en déi 10 Deeg dann huele well. Sollt et awer Onstëmmegkeete mam Patron ginn, muss dëse Congé direkt no der Gebuert geholl ginn. Am Prinzip muss de Patron dësem Congé och de Wënschen no accordéieren, ausser, et géife betriblech Grënn verhënneren. An der Reegel ass et awer meeschtens de Fall dass de Papp dësen och direkt no der Gebuert well fir bei der Mamm an dem Puppelchen ze sinn.
Dofir ass dësen éischte Pappecongé eigentlech kee grousst Diskussiounsthema un sech ausser et géifen aner Ëmstänn ginn di ee quasi dozou zwénge géifen, mat dësen 10 Deeg ze waarden (z.B. Selbstännegkeet, Geschäftsreesen, läit ee selwer am Spidol asw.).
Wichteg ze erwänen ass et hei dass des 10 Deeg och fir Adoptiounen vun Kanner ënner 16 Joer gëllen.
Weider Detailer zu dem Pappecongé fannt dir hei:
Den Elterecongé fir de Papp
Mir loossen hei elo mol den 1. Elterecongé ewech den an der Reegel vun der Mamm geholl gëtt. Loosst ons also op den 2. fokusséieren – den aus der Vue vum Papp den meescht genotzten ass.
Ouni elo grouss an Detailer vun den verschidden Formelen ze goen, erwänen mir se einfach hei an gi iech eng kleng Beschreiwung fir déi Leit wou se net all kennen oder wëssen dass et se iwwerhaapt gi:
Wann dir eng eenzeg Vollzäit-Aarbecht hutt:
-> Vollzäit-Elterecongé entweder iwwer 4 Méint oder 6 Méint
-> Deelzäit-Elterecongé (hallefdaags) entweder iwwer 8 Méint oder 12 Méint
-> Deelzäit-Elterecongé mat 8 Stonnen pro Woch wärend 20 Méint
-> Deelzäit-Elterecongé vun 4 Perioden enges Mounts wärend enger Gesamtzäit vun 20 Méint
Wann dir eng eenzeg Deelzäit-Aarbecht tëscht 20 an 40 Std./Woch hutt
-> Vollzäit-Elterecongé entweder iwwer 4 Méint oder 6 Méint
-> Deelzäit-Elterecongé (hallefdaags) entweder iwwer 8 Méint oder 12 Méint
Wann dir eng eenzeg Deelzäit-Aarbecht tëscht 10 an 20 Std./Woch hutt
-> Vollzäit-Elterecongé entweder iwwer 4 Méint oder 6 Méint
Wann dir méi Aarbechten ausféiert an oder dir iech an enger Ausbildung befannt
-> Vollzäit-Elterecongé entweder iwwer 4 Méint oder 6 Méint
Och hei gëllt déi selwecht Reegel wéi fir de Pappecongé. Sollt dir keen gemeinsamen Accord mam Patron fannen fir déi Formel wou dir iech wënscht, muss hien iech déi 6 Méint Vollzäit ginn. Denkt hei w.e.g. drun Demande fir den Elterecongé spéitstens 4 Méint virun dem gewënschten Start per Recommandé un äre Patron anzereechen.
Weider Detailer zum Elterecongé fannt dir hei:
Den beschten Moment fir de Papp vum Elterecongé ze profitéieren
Komme mir dann elo zum Haaptsujet vun dësem Blog: Wéini soll ech dann elo am beschten dëse Congé huelen? Wéini mécht dat am meeschte Sënn bei ons? Hei scheeden sech dann dach oft Geeschter.
Mir, als Elteren, kennen des Situatioun ze gutt: Der Mamm hire Elterecongé (also den 1. Elterecongé laut Formule) ass gläich eriwwer a mir stellen ons als Koppel gemeinsam d’Fro ob de Papp säin net direkt hannendrun soll huelen, fir ze verhënneren, dass d’Kand direkt a Crèche muss. An ville Fäll gëtt dëse 6-Méint-Congé vum Papp geholl – virausgesat et ersti fir hien an seng Aarbechtsplaz keng Problemer.
Sollt et esou sinn dass de Patron net onbedéngt domadder d’Accord soll sinn, gëtt oft no enger Léisung gesicht. Zimmlech séier fält et dann ob den Hallefdaags-Congé zeréck mat dem da béid Parteie gutt liewe kennen. Dermadder muss d’Kand dann net direkt Vollzäit a Crèche an de Papp feelt och net ze vill op der Aarbecht.
Souwäit esou gutt – Ma dach ginn et och Pappen di hier Schwieregkeeten domadder hunn direkt souvill eleng mam Puppelchen ze sinn. Dëst ka vill Grënn hunn:
- de Papp huet keng grondleeënd Erfarung mat Puppelcher gemaach virdrun, a fäert elo wat en géif erwaarden
- Hien empfënnt dat Ganzt als negative Stress fir sech a Kand
- En denkt dass et warscheinlech eng besser Iddi ass dem Bëbee direkt méi soziale Kontakt ze gi
- Et mécht fir hie méi Sënn de Congé zu engem spéideren Zäitpunkt ze huelen
- …
An dofir soll sech och kee Papp ënner Drock gesat spieren, wann en aus dem Ëmkrees sou Sätz héiert wéi „Du kanns dach net sou egoistesch sinn a Kand direkt a Crèche schécken nëmme wëlls du gäre manner Stress häss?“. Wat och ëmmer de Grond ass wisou de Papp net direkt no der Mamm dëse Congé Voll- oder Hallefzäit huele well, kann sou ënnerscheede sin wéi de Charakter vun engem Mënsch. Mir empfeelen hei den Elteren, gemeinsam doriwwer sech eens ze si wat dat beschte fir hiert Kand ass an och fir si selwer als Elteren. Béid Säite musse gekuckt ginn, an et soll idealerweis keen drënner leiden.
Natierlech dierf een och net vergiessen dass een den Elterecongé bis zum Alter vu 6 Joer vum Kand huele kann. Dat kléngt natierlech lackeleg fir vill Pappen. Sie wësse genau dass ee mat méi evoluéierten Alter vum Kand, och méi flott Saachen ënnerhuele kann, wéi z.b. Vëlofuere léieren, Fussball spille goen, asw. (Wat net heescht, dass ee mat engem klenge Bëbee net och vill maache kann ;)!). De Reiz kann also do sinn, sech ze soen, da waarde mir bis Kand 3-4 Joer al ass an ech profitéieren da vum Elterecongé!
Ma ewéi sou oft wann et em Thema Kand geet, ass et eng Entscheedung vun den Elteren an se soll net vun extern beaflosst gi. Et gi Pappen déi sech méi wuel fille wann Kand nach kleng ass. Anerer nees hätte léiwer Kand wier schonns méi al.
Schlussfolgerung
Mir si ganz kloer der Meenung dass all Parteien aus dem Elterecongé gutt rauskomme mussen. D.h. kuckt dass Kand gutt encadréiert ass wann dir den Elterecongé zu engem méi spéideren Zäitpunkt wëllt huelen, a suergt op der anerer Säit och dofir dass de Papp sech wuel fillt, wann den Elterecongé usteet. Jee no Formel kann et soss och fir de Papp eng ganz laang an ustrengend Zäit gi déi dann och är Bezéiung belaascht.
Affiliates Links*: