Ech si grad Papp ginn – a wat elo?

An dësem Blog wëlle mir iech dat Thema „Ech si grad Papp ginn – a wat elo?“ méi no bréngen. Jiddwereen de scho Papp ass, weess dass et net nëmme fir d’Mamm, ma och fir de Papp eng 180° Wendung am Liewen ass. An genau doriwwer wëlle mir iech e puer Saache soen:

Wisou ass de Papp oft méi nervös ewéi d’Mamm?

Ganz oft ass et esou dass eng Fra schonn Erfarunge mat Puppelcher gesammelt huet. Sief et duerch Pampers wiessele bei der Cousine, duerch Fiddere vun der klenger Schwëster… an sou weider. Bei de Männer ass et dann awer meeschtens esou dass déi nach guer keng Erfarunge  mat Neigebuerenen hunn. An deementspriechend stinn se dann ob eemol do an froen sech: „sou wéi geet dat Ganzt do elo iwwerhaapt?“. Ma zum Gléck hunn vill Männer jo hier Fra’en déi si mat der Hand huelen an hinne weise wat se maache mussen. An dach ginn et Pappen di hire Stolz net lénks leie kenne lousen, a wëllen et selwer hikréien.

Hei spillt Thema Gedold eng grouss Roll. Nëmmen mat der néideger Gedold an Rou kann een des dach nei Situatioun bewältegen. An grad dat ass de sprangenden Punkt virun deem Männer ëfters Angscht hunn. Wéi sollen si dat Gebläers, Gekräischs mat Gedold ugoen wann si dach selwer scho nervös genuch sinn? Léif Männer an Pappen… si mir mol éierlech, looss iech am beschten vun ären Fra’en hëllefen an d’Saachen erklären loossen. Dermadder si elo net Schwéiermamm’en gemengt! 🙂 Är Fra huet sech op maans 9 Méint mat alle Méiglechkeeten schlau gemaach wéi et fonctionéiert. Zudeem hu si automatesch eng besser Bindung zum Kand well se bei hinnen am Bauch waren an si se héchstwarscheinlech och stellen. Et ass keng Schan do ob seng Partnerin zeréck ze gräifen. Dat weist souguer ärer Fra dass och dir hier vertraut dass si weess wéi et geet an Situatioun ëmmer am Greff huet.

Wisou kréien ech mäi klenge Bëbee net berouegt?

Wéi am éischten Thema mat der Nervositéit, ass et hei net vill aneschters. Mamm ass net doheem an de Puppelche fänkt un mat blären. Et seet een sech ëmmer dass et nëmme 5 Saache kenne sinn, wisou de Bëbee kräischt:

  • Honger
  • voll Pampers
  • Midd
  • krank
  • Kolliken

An wéie Papp kennt et net – Et huet een di ganz Lescht hei ofgeschaaft a Kand bläert trotzdeem weider. An sou enger Situatioun wéisst Mamm dach am beschten domadder ëmzegoe sot dir iech? … An genau dat maachen dann och di meeschte Männer – se ruffen hirer Fra un! An da gi Saachen ausdiskutéiert an et féiert zu Reiwungen tëscht iech well dir dach och schonn alles probéiert hutt.

Hei gi mir iech kleng Tipps wat onser Erfarung no gehollef huet an och schonn oft bestätegt gouf:

  • Gidd dem Bëbee  ee Kleedungsstéck vun der Mamm – ganz oft ass et de Geroch vun der Mamm  de feelt, a wann dir ee Kleedungsstéck vun hier dem Bëbee gitt kann dat hëllefen et ze berouegen.
  • Leed de Bëbee  an eng bequeem Positioun – hei hëlleft et z.b. de Bëbee  flaach mam Bauch op ären Ënneraarm ze leen, oder mam Bauch op är Broscht op der Couche.
  • Een Tuer mam Auto maachen – et ass ee Cliché ma dach ganz oft hëlleft et. Packt de Bëbee  an de Maxicosi an dréit een Tuer mam Auto. Dat huet schonn oft Wonner bewierkt.

Probéiert des Punkte bei der nächste Kéier aus. Et ass bestëmmt eppes dobäi wat hëlleft!

Wisou ännert sech dann och dem Mann säi liewen em 180°?

An der moderner Welt an där mir liewen ass de Papp zu engem wichtege Bestanddeel an der Kannererzéiung gi. Et gi seelen Fäll wou de Mann sech wierklech guer net méi em den Nowuess këmmert, sou wéi et vläicht an de 50er Joren nach de Fall war. Eigentlech sollt dat scho Äntwert op Fro aus dem Titel si. Ma dach ass dat net fir all Papp si einfach ze verstoen an och ze akzeptéieren.

Huelen mir ee Beispill: dir sidd Papp gi mat 28 an waart et bis elo gewinnt normal schaffen ze goen, dann heem ze kommen, bëssi op Couche gesat an sidd dann op de Fussballstraining gaangen. Dir kommt duerno heem, iesst eppes Guddes an kuckt Netflix mat der Fra bis dir schlofen gitt.

Mir sinn ons eens dass elo mam Bëbee  den doten Programm esou wéi en do steet net méi fonctionéiert. Mais en wäert éischter esou ausgesinn: Dir kommt vum schaffen heem an är Fra freet ob s de den Bëbee  eng Kéier huelen kéints well si misst eng Wäsch maachen oder Stuff botzen. Dir musst awer elo séier mat allem maachen fir nach kennen op den Training ze goen… An Zack huet sech är Liewen wéi et fréier ëmmer war, verännert.

Fir vill Männer ass dat schwéier di éischten Zäit an si kommen net kloer domadder dass si hier Fräiheeten net méi hunn, sou wéi si dat ëmmer gewinnt waren. Dofir ass et wichteg als Fra dem Mann déi néideg Zäit ze gi déi hien brauch. Et gi Männer déi kee Problem hunn den Ëmschwong direkt ze bewältegen, ma et gi och anerer di am Ufank iwwerfuerdert domadder sinn an sech akklimatiséieren mussen. Loosst dem Mann di Zäit an schwätzt doriwwer. Zesummen fannt dir dann een Accord wéi dir Zäit andeelen kennt fir dass net just de Papp, mee och Mamm eppes vun der Fräizäit huet.

Schlussfolgerung

All Neits bréngt Verännerungen mat sech. Fir di eng méi wie fir di aner. Di eng sinn besser dorop virbereet, di aner manner. Mee loosst nimools vun iergendeppes ënnerkréien. Jiddwereen den Papp oder och Mamm gëtt ass staark genuch fir all di Situatiounen ze bewältegen. Mat Gedold, Kommunikatioun an genuch Léift sidd der perfekt ob alles virbereet! Nervositéit ass eng normal Reaktioun wann een Situatiounen begéint déi een net kennt.

Affiliates Links*:

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert