Big Mac Wraps
Schnell, einfach an extrem lecker. Dat ass den Big-Mac Wrap – en richtegen Klassiker an enger Wrap-Variante.
Zutaten / Ingrédiente (4 Leit):
- 4 Tortillas
- 400 g Rëndsgehacktes
- 3 Iessläffel Ketchup
- 3 Iessläffel Mayonnaise
- 2 Téiläffel Moschter
- 1 Zwielef
- 2 Tomaten
- 150 Gramm Cheddar
- 1 Iessläffel l Olivenueleg
- 1 Kaffisläffel Salz
- 1 Iessläffel Tomatepüree
- 3 Pouz Peffer
- Gréng Zalot
Rezept:
- Den Olivenueleg an enger Pan erhëtzen.
- Rëndsgehacktes mat Salz an Peffer fir 5 Minutten ubroden.
- den Tomatepüree dobäi ginn an fir 5 Minutten weiderbroden
- Zooss virbereeden: Den Ketchup, Mayonnaise an den Moschter an eng Schossel ginn an gutt verréieren
- D’Tortilla op een Teller leeën an mat Kéis beleeën. Dono kënnt Fleesch drop mat puer Zwielefstécker,Tomaten an Zalot. Lo feelt just nach Zooss déi drop kënnt.
- D’Tortilla zesummerullen an se an eng Pan leeën wou se fir 2 Minutten ugebroden ginn.
Affiliates Links*:
Bildquellen:
- bigmacwraps: Einfach Gekocht (youtube)