Plakeg um Internet?

BEE SECURE

Den Guide fir jonk Leit an hir Kontaktpersoune bitt Informatiounen iwwer d’Rechter, Risiken a ginn den Betraffenen praktesch Tipps wéi ee mat problematesche Situatiounen am Zesummenhang mam Sexting ëmgeet.

Wat ass Sexting?

Sexting ass mëttlerweil net nëmmen bei villen Erwuessenen , mee och zum Alldag vun villen Jugendlechen ginn. Ënner Sexting versteet een verschécken an austauschen vun intimen Messagen respektiv selwer produzéiert Fotoen a Videoen. Dës gi meeschtens iwwer Messenger Servicer oder sozial Netzwierker geschéckt. Egal ob als Zeeche vu Léift oder Vertrauen, fir géigesäiteg Opreegung, als Test vu Courage oder Flirt, et gi vill Grënn fir „Sexting“.

Awer a ville Fäll feelt et u konkret Kenntnisser iwwer d’legal Situatioun, Bewosstsinn iwwer d’Risike vu Sexting a méigleche Ulafstellen fir Berodung an Hëllef, zum Beispill wann plakeg Biller ongewollt zirkuléiert sinn. De Guide erkläert wéi déi Betraffen direkt handele kënnen, fir gutt mat sou enger Situatioun a sengen Effekter ëmzegoen.

Fir wien orientéiert sech de Guide?

De Guide riicht sech u jonk Leit, ass awer och gläichzäiteg interessant an nëtzlech fir all Leit, déi privat (Elteren, Famill, …) oder aus beruffleche Grënn (Léierpersonal, Erzéier/in, Polizisten, …) mat problematesche Situatiounen a Verbindung mat Sexting stinn respektiv wëllen präventiv entgéintwierken. (Potential) Täter ginn zudeem bewosst gemaach datt et keng Plaz fir beleidegend Verhalen um Internet gëtt an datt et net nëmme moralesch verurteelt gëtt, mee och zu enger krimineller Verfollgung féiere kann.

Fir esou Situatiounen ze vermeiden, ass et am séchersten, op den digitalen Austausch ze vermeiden

Leit, déi vu problematesche Situatiounen als Resultat vu Sexting betraff sinn, ginn encouragéiert selwer ze handelen. Telefonesch Ulafstellen sinn e gudde Startpunkt wann Dir no der richteger Hëllef sicht. Jiddereen kann d‘BEE SECURE Helpline 8002 1234 gratis kontaktéieren, anonym a vertraulech.

Wou kann ech de Beroder fannen?

De Guide gëtt ab Dezember 2020 a Schoulen, Jugendhaiser a Berodungszentere verdeelt, an de Guide gëtt et och op alle Policebüroen zu Lëtzebuerg. De Guide ass als PDF erofzelueden op der BEE SECURE Websäit.

De Guide ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht der Police Lëtzebuerg, der BEE SECURE Initiativ, vertruede vum Service national de la jeunesse (SNJ) a Kanner-Jugendtelefon (KJT), dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), an de Parquet.


Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)