Brout aus Pizzadeeg , Pulled Pork, Paprika a Kéis
Einfach a kreativ. Dës zwee Adjektiver sinn e wierklech populären Duo an der Kichen.
Pizza aus der Këschtenform? Gewëss, et ass eppes falsch mat dësem Saz, well Pizza normalerweis ronn ass.Gëtt den Pizzadeeg awer an Stécker geschnidden, mat Pulled Pork, Paprika a Kéis beluecht a dono an eng Këschtenform gestapelt, gëtt de Pizzadeeg zu engem säftege Brout. Kléngt lecker, oder net? Mir weisen Iech wéi dëst lecker Brout a kuerzer Zäit op Ärem Teller lant.
Zutaten / Ingrédiente:
Fir den Pizzadeeg:
- 350 g Weessemiel
- 15 g Backpulver
- 300 g Jugurt
Fir d’Fëllung:
- 350 g Pulled Pork
- 4 Iessläffel giel Paprikawierfel
- 4 Iessläffel rout Paprikawierfel
- 100 g geriwwe Cheddar Kéis
- 300 ml Barbecuezooss *
- 4 Iessläffel gehackte Bratzel
- 100 g geriwwe Mozzarella fir d’Pizzastécker ze bestreeën
- 70 g geriwwe Mozzarella fir D’Form ze bestreeën
Ausserdeem:
- Bratzel zum garnéieren
- Barbecuezooss * zum zerwéieren
- Këschtform, Mooss: 27 x 13 cm *
Rezept:
- Vermësch den Pizzadeeg als éischt mat Miel an Backpulver. Gëff dann den Jugurt dozou a verkniet d’Ingrediente zu engem glaten Deeg; dësen uschléissend ofgedeckt an engem waarmen Raum fir 20 Minutten rouen.
- Vermësch d’Ingrediente fir d’Fëllung zesummen. Rull den Pizzadeeg zu engem Rechteck aus (zirka. 45 x 30cm) a schneit en an 18 gläichgrouss Stécker. Deel uschléissend d’Fëllung gläichméisseg op déi Pizzadeegstécker op an bestree se mat Mozzarella
- Stell eng agefetten Këschtform héichkanteg bal senkrecht hin a stapel déi beluechten Pizzadeegstécker eran
- Stell d’Këschtform elo rëm richteg hin, an bestree d’Pizzadeegstécker mat dem restlechen Mozzarella a Back se uschléissend fir 45 Minutten bei 165°C Ëmloft. Huel Brout virum Zerwéieren virsiichteg aus der Form an bestree se mat Bratzel
- Rapp dir een Stéck vun dësem Brout of an dauch se zum Beispill an d’Barbecuezooss
Affiliates Links*:
[asa tpl=“flat_box_vertical_de“]B07HJ1MVJK[/asa]
[asa tpl=“flat_box_vertical_de“]B008Y69YMC[/asa]
[asa tpl=“flat_box_vertical_de“]3898836517[/asa]