Aioli selwer maachen: dat bescht Rezept fir déi lecker Mayonnaise
Knueweleks-Mayonnaise, Aioli op Spuenesch , ass ee vun de genialsten Dips fir Fritten, gegrillte Fësch oder Calamares, Fleesch an esou vill méi.
Zutaten / Ingrédiente:
- 2 Knuewelekszéiwen
- 2 Eegiel
- 1 Kaffisläffel Moschter
- 1 Kaffisläffel Zitrounejus
- 1 Iessläffel Esseg
- Salz a Peffer
- 125 ml Ueleg
Rezept:
- Knuewelekszéiwen schielen a graff haken. Zesummen mat Eegiel, Moschter, Zitrounejus, Esseg, Salz a Peffer an een Moossbecher ginn.
- Alles mam Püréierstab vermëschen.
- Den Ueleg lues beim Mëschen bäiginn.