TikTok: Wat Eltere wëssen solle
Eng kreativ App déi awer mat Risike verbonnen ass.
Ab wann dierf mäin Kand Tiktok benotzen?
TikTok dierf eréischt ab engem Mindestalter vun 13 Joer un benotzt ginn, awer Benotzer ënner 18 Joer brauchen d’Erlabnes vun hirem gesetzlechen Erzéiungsberechtegten. Dës Erlabnes gëtt awer net iwwerall kontrolléiert. Awer opgepasst, jiddereen kann op TikTok Inhalter ouni Profil gesinn, dh ouni sech an d’App anzeloggen.
Allerdéngs muss een ageloggt sinn fir op der Plattform kënnen ze interagéieren (fir engem kënnen ze suivéieren, Videoen ze liken oder een als Favorit ofzespäicheren).
Fir datt Äert Kand d’App mat bessere Schutz benotzen kann, kënnt Dir Folgendes maachen:
- TikTok bitt de „begleeden Modus“ un , deen et den Elteren erlaabt , Verhalen hirer Kanner op der Plattform ze begleeden.
- An ärem App Store kënnt dir Jugendschutzastellungen an Altersregelung festeleen.
- Zousätzlech kënnt Dir Schutzinstellungen an Ärem Betribssystem ariichten, mat deenen Dir Benotzungszäiten, Fern Iwwerwaachung an Inhaltsfilter aktivéiere kënnt.
Wichteg: erkläert Ärem Kand offen, firwat Dir duerch dës Astellunge wëllt „dobäi“ sinn. Erkläert him och den Zweck vun den Astellungen – sou léiert hien se kennen a kann se fir aner Apps fir sech selwer uwenden.
Begleet Dir ären jonken TikToker
Huelt Iech Zäit d’App zesummen ze entdecken an ze beschwätzen. Erkläert Ärem Kand datt Dir de Spaass um TikTok zesumme wëllt erliewen a gläichzäiteg d’Risiken (vun anere Benotzer vun der App, duerch d’Behuelen / Selbstduerstellung vun Ärem Kand), déi mam TikTok verbonne sinn ze reduzéieren . Dëst sollt d’Vertrauen tëscht Iech an Ärem Kand stäerken.
Kuckt, wéi et d’App mat der App ëmgeet, wat een Inhalt et sech ukuckt a wat et deelt. Eng oppen Haltung ass wichteg, sou datt Äert Kand Vertrauen huet, Iech ze kontaktéieren wa se Froen oder Probleemer hunn.
Käert Äert Kand iwwer méiglech Geforen op a setzt zesumme Reegele fir eng sécher a kontrolléiert Benotzung vun der App. Zum Beispill kënnt Dir soen datt Äert Kand …
- … hält d’Benotzungszäiten un.
- … kommunizéiert net mat Friemen (ouni Är Begeedung)
- … sieft virsiichteg, dass näischt am eegenen Video gewisen gëtt, wat op är Adresse hiweist an et an Gefor bréngen kënnt
- … nëmmen Videoen posten, déi spéider net bereit ginn. (stellt Iech beispillsweis d’Enseignant-Fro: Géift Dir dëse Video all Ären Enseignanten an der ganzer Schoul weisen?“ Wann net, publizéiert den Inhalt net.)
Quellen: statista.com; tiktok.com; klicksafe.de
Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)