Bacon-Wrapped-Onion-Rings: So geléngt den perfekte Männer-Snack
E Mann muss folgend Rezept kennen, an soll et an säin Kach-Repertoire ophuelen. Mir weisen Iech dat bescht Rezept fir den Snack.
Bacon-Wrapped-Onion-Rings sinn een häerzhaften Snack aus dem Uewen. Den Fingerfood genéisst een am beschten tëschenduerch oder als Garnitur op engem Hamburger
Zutaten / Ingrédiente:
- 2 séiss Ënnen
- 24 Sträifen Speck
- 1 Iessläffel Kikkoman® Teriyaki Marinade & Sauce*
- Dipping Zooss:
- 60 Gramm Kikkoman® Teriyaki Marinade & Sauce*
- 80 Gramm sauer Ram
- 2 Kaffisläffel Moschter
- 1 Kaffisläffel Zitrounejus
Rezept:
- den Uewen op 150ºC virhëtzen.
- Réier Dipping Sauce Zutaten zesummen a loosst Goûten verschmëlzen wann Dir Zwiwwelréng virbereet.
- Zwee Bakblecher mat Bakpabeier ausleeë.
- Ënnen an Scheiwen schneiden an mat Kikkoman® Teriyaki Marinade & Sauce* besträichen
- Wéckelt eng Schicht Speck ronderëm d’Ënn a widderhuelt et mat den aneren. Wann eppes iwwersteet, dann schneit et of. Séchert Speck-Enner mat Zanstocher*oder Spiisser*. Pinselt nach eng kéier mat Kikkoman® Teriyaki Marinade & Sauce* an
- Setzt 6 Réng op all Bakblech a loosst et am Schäffchen fir 30 Minutten baken . Dréint se no 15 Minutten ëm a loosst se weider baken bis den Speck gutt knuspreg ass.
- Ofkille loossen.