TikTok: wat Dir wëssen sollt

Déi neisten Musek, cool Danzbewegungen an originell Videoclips – TikTok begeeschteren jonk Leit wei och Erwuessener. Eng kreativ App déi och Risiken enthält, vun deenen de Benotzer sech sollt bewosst sinn a gutt informéiert domat soll ëmgoen.

Wat ass TikTok?

Mat monatlech 178,9 Milliounen aktive Benotzer weltwäit ass d’Trend App TikTok besonnesch populär am Joer 2020. TikTok ass eng App an där kuerz Videoe vu 15 Sekonnen bis 1 Minutt kënnen opgeholl, editéiert a publizéiert ginn. D’Plattform huet ähnlech Funktiounen wéi aner sozial Netzwierker, wéi Stories, Live Streams, Likes, Kommentar an Chatfunktiounen.

Wat speziell un dëser App ass, ass datt se eng Vilfalt vu Musek, Téin, Filteren, Sticker an Effekter bitt, déi et erméiglechen de Benotzer kreativ auszeliewen a sech individuell an d’Szene ze setzen. Dëst erstellt originell Playback, LipSync an Danzvideoen, oder lëschteg Imitatioun vu Filmszenen oder Memes.

Op wat sollt Dir oppassen?

  • Privatsphär: Wann Dir e Profil erstellt, ginn d’Privatsphär Astellungen automatesch ufanks op „ëffentlech“ gesat. Dëst bedeit datt jiddereen, net nëmme Frënn, déi gedeelt Videoe gesinn.

Ännert Äre Profil op „privat“. Aner Astellungen déi Dir maache respektiv ausschalten sollt sinn d’Funktioun, dass Videoen erofgeluede ginn, wien Noriichte schreiwe kann, wien Duets maache kann, wien Kommentarer schreift a wien hir eege Videoe ka gesinn.

  • Copyright: TikTok bitt Musek an Sound Effekter un, mat denen den Benotzer ronderem spillen kann . Allerdéngs sollten déi erstallten Videoen, net oniwwerlued op anere Plattforme gedeelt ginn, well soss kënnen d’Urheberrechtskonflikter kann ginn, wann de Benotzer net déi néideg Rechter op dësen Inhalt huet.
  • Recht op dat eegent Bild: Wa jonk Leit sech filmen, ass et wichteg datt all betraffe gefrot gëtt ob se mat der Opnam an der Verëffentlechung vum Video averstanen sinn. Dëst ass problematesch well et dem Gesetz no net d’Kanner selwer sinn, mee d’Eltere musse bestëmmen ob se dat zouloossen.

E wichtege Message – net nëmmen u Kanner – ass, datt Dir anerer grondsätzlech ëm hir Erlabnes fir Fotoen / Videoopnamen froen musst , an datt Dir och aneren géintiwwer d’Recht hutt, keng Fotoen / Videoopnamen vun Iech selwer zouzeloossen

Allerdéngs sollt Dir an är Kanner der d’Demande fir Läschen nokommen, wann ee vun de Leit am Video duerno hir Zoustëmmung zur Verëffentlechung zréckzitt.

Ass d’App gratis?

D’App ass gratis, bitt awer eng In-App Wärung, „Coins“, déi d’Benotzer optional benotze kënnen, mat där si aner TikTokers beschenken oder belounen kënnen.

Fir ze vermeiden datt Dir (oder Är Kanner) zoufälleg Akeef maacht, kënnt Dir „In-App“ Akeef an Ärem App Store oder Play Store desaktivéieren an e Passwuert op den Store setzen (wat Äert Kand net weess).

Quellen: statista.com; tiktok.com; klicksafe.de


Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)