Sozial Medien stellen d’Elteren op Prouf

BEE SECURE

«Sharenting»: Den Online Ruff vun engem Kand kann existéieren ier se iwwerhaapt gebuer sinn. D’Sensibiliséierungscampagne „Bass de sécher?! ?! dréit sech ëm den Afloss vu Biller op d’Liewe vu jonke Leit a befaasst sech aktuell mat der Roll, déi d’Eltere dobäi spillen kënnen.

Et ass net seelen dass een am Newsfeed, Fotoen vun engem Puppelchen gesäit dat réischt op Welt komm ass oder souguer Ultraschallbilder fir eng Schwangerschaft ze verkënnegen. Dës Beispiller vu sougenannten Sharenting sinn keng Eenzelfäll a weisen datt d’Liewe vun engem Kand scho kann erzielt ginn, ier et iwwerhaapt d’Chance hat, sech selwer ze matzedeelen.

An dat ass net alles: eng Ëmfro huet gewisen datt en Elterendeel am Duerchschnëtt bal 1.000 Fotoe vun hirem Kand publizéiert ier si fënnef Joer al sinn.

Fir d’Elteren an Kanner ass et of schwéier, sech bewosst ze maachen, wat eng
Konsequenze Deelen oder Verëffentlechen um Internet kéint
hunn. Wat op den éischte Bléck séiss an originell ausgesäit kann engem Kand méi spéit eng Belaaschtung ginn. Entweder well déi betreffend Foto zur Laachnummer gëtt, well d’Kand net gär Fotoe vu sech selwer um Internet gesäit, oder well d’Fotoe vu Krimineller erofgeluede ginn an aus dem Kontext gerass ginn.

Also éier Dir eng Foto oder e Video vun Ärem Kand publizéiert, stellt Iech déi folgend Fro: Bréngen ech mäin Kand ,elo oder an der Zukunft, an Verleeënheet?

Och Enseignante kënnen am Unterrecht iwwer „Sharinging“ opklären. Et gëtt och eng Léierunitéit fir Studenten aus dem Cycle 4.1.


Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)