Dem Drock vu soziale Medien ausgesat ze sinn
D’Campagne vum aktuelle Schouljoer „bass de sécher?!“ Dréit sech ëm den Afloss vu Biller op d’Liewe vu jonke Leit. No den Themen „Sexting“ a „Sharinging“ geet BEE SECURE elo ëm d‘Selbstportraitéiere vu jonke Leit um Internet.
Dat perfekte „digitalen Ech“
Um Internet gëtt d’Liewen aus enger anerer Perspektiv duergestallt: e perfekt „digitaalt Ech“ an der idealiséierter Welt vu soziale Medien, eppes wat de jonke Leit dacks d’Gefill gëtt, dem gerecht wëllen ze ginn.
Newsfeeds gi mat Inhalt iwwerschwemmt dat e perfekt Bild weist. Egal ob den Inhalt vu Influencer oder vu Leit an Ärem eegenen Ëmfeld kënnt, et kann een heiansdo schwéier ënnerscheeden tëscht Realitéit a Fiktioun.
Generell verëffentlechen d’Leit nëmmen hir bescht Säit. Dank Programmer déi Biller beaarbechten kënnen a Filteren déi fir jiddereen zougänglech sinn, ass et elo méiglech souguer liicht verbessert Versioune vun Ärer „beschter Säit“ ze weisen. Sou ginn Gesiichtsmerkmale verfeinert, Zänn gebleecht a Schéinheetsfeeler ewechgeholl. Dobäi gëtt et ëmmer méi schwéier veraarbecht Biller ze erkennen.
Am Allgemengen sollt ee sech bewosst sinn datt Selbstportraiten um Internet dacks nëmmen e klengen Deel vum richtege Liewen vun all Eenzelen verroden.
Kritesch denken
Wien sou Biller an Inhalt onkritesch betruecht, kann sengem Selbstwäertgefill schueden an Erwaardungen opbauen, déi onrealistesch sinn oder net kompatibel mat hirer eegener Perséinlechkeet. Et ass dofir ëmmer wichteg déi ganz Situatioun ze analyséieren, well e klengen, zäitlech limitéierten Auszuch net e Gesamtbild vun der Realitéit weist:
- Bleif authentesch: D’Feeds weisen Inhalt mat perfekte Biller, wat de Benotzer verleeden kann, sech een falscht Bild vun sech selwer unzëeegnen, em sech un dës Perfektioun unzepassen . Also wann Dir handelt, frot Iech folgend Fro: Weist dëse Post, wierklech wien ech sinn, oder ass et verzerrt?
- Loosst Iech net vu „Likes“ beaflossen. D‘ Selbstwäertgefill vun jonke Leit kann erhéicht ginn andeems op Inhalt reagéieren gëtt, deen se op hirem Profil posten. Et ass super wann anerer ëmmer méi op Momenter reagéieren déi Dir deelt. Unerkennung stäerkt d’Selbstwäertgefill . Wéi och ëmmer, wann Dir déi erwaart positiv Äntwerten net kritt, kann de Géigendeel Akraafttrieden. Et ass ganz normal, d’Unerkennung am Ëmfeld ze sichen, awer et sollt keen Afloss hunn, ob Dir Inhalt deele wëllt.
D’Fro „Bass de sécher?!“ vun der Sensibiliséierungscampagne ënnersträicht also wéi wichteg et ass, an all Situatioun zweemol nozedenken ob een eng Foto op dës Manéier post oder net.
Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)
Bildquellen:
- Bass de secher?: BEE SECURE