„Bass de sécher?!“ – Focus op „Secondaire sexting“
BEE SECURE präsentéiert an dësem Joer seng Campagne bass de sécher?!, dobäi konzentréieren Si sech op d’Thema vum Afloss vu Biller op d’Liewe vu jonke Leit.
Den éischte Fokus vun der Campagne befaasst sech mam Thema Deele vun plakegen Fotoen ouni d’Zoustëmmung vun der duergestallter Persoun, dat och als „Secondaire Sexting“ bekannt ass.
De Kärmessage ass datt Virsiicht erfuerderlech ass; well wann eemol eng Foto online ass, verléiert Dir direkt d’Kontroll iwwer hir Verbreedung. Dëst kann negativ Konsequenze fir déi duergestallt Persoun wéi och fir de Sender an aner involvéiert Parteien hunn.
Am Ëmgang mat Fotoen – net nëmmen mee besonnesch am Hibléck wat intim Schëss ugeet – gëllt ausserdeem e legale Kader, deen Dir kënnen an beuechten sollt. Prinzipiell gëllt „d’Recht op säin eegent Bild„, dat seet, datt keen eng Foto / Opnam vun der betraffener Persoun maache kann oder verëffentlecht dierf ouni d’Zoustëmmung vun der betraffener Persoun. Weiderhin falen sexualiséiert Biller / Videoen, an deene Mannerjäreger ze gesi oder bedeelegt sinn, dem Code Pénal no ënner « représentations d’abus sexuels sur mineurs »
BEE SECURE huet den éischte Video vu senger Campagne zum Thema Secondaire Sexting gewidmet an huet en elo publizéiert.
D’Enseignante fannen och eng Lektioun hei, déi hinnen hëllefe kann, an der Klass, Liicht an d’Thema ze werfen.
Iwwer Sexting an denen assoziéiert negativ Erfahrungen ze schwätzen, hëlleft a kann zu Handlungsméiglechkeeten féieren. An dësem Fall kënnt Dir och bei der BEE SECURE Helpline (8002 1234) kontaktéieren fir eng gratis, anonym a vertraulech Telefonsberodung.
Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)