Bass de sécher ?!

BEE SECURE

Kanner a jonk Leit, déi an der heiteger Welt opgewuess sinn, kennen kee Liewen ouni Internet, Smartphones a sozial Medien. Vu klengem u gesinn si wéi Medien an Technologien et méiglech maachen, sech op verschidde Weeër um Internet ze presentéieren, awer och, d’Wichtegkeet déi d’Ëffentlechkeet un dës Representatioune oder digital Identitéiten hëlt. Besonnesch wann Erliefnesser um Internet dat „realt“ Liewen beaflossen.

Fir all Risiko sou niddereg wéi méiglech ze halen, solle Kanner a jonk Leit sech bewosst sinn iwwer Weeër, déi hinnen hëllefen, Biller a Videoe verantwortlech ze benotzen. Natierlech ass dat net ëmmer einfach.

Think before you post

An deem Sënn dréit déi nei BEE SECURE Kampagne ronderëm déi folgend Fro, déi a ville Situatiounen opsteet wann een decidéiere muss: publizéieren oder net publizéieren?

BASS DE SÉCHER ?!

Link zum Communiqué

Link zum Poster iwwer „Sexting“

Link zum Poster iwwer „Sharenting“

Link zum Poster iwwer „Selbstdarstellung“

Aktiounen an Eventer

Während dem ganze Schouljoer 2020/2021 wäert BEE SECURE d’Campagne op sozialen Medien an op Affiche verbreeden.

Zousätzlech ginn eng Rei Publikatiounen am ganze Schouljoer erausginn. Ënner anerem kréien d’Enseignante vum Cycle 4 un, passend Léiermaterial fir déi verschidde Schoulniveauen.


Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)