Mäerchenpark Beetebuerg
Am Mäerchepark dréit sech alles em Spaass, Abenteuer, Fantasie, Entdeckung a Léieren. Kanner wäerten hei verzaubert ginn an en onvergiesslechen Dag verbréngen. Am Mäerchenbësch kënnt Dir Schneewittchen, Aschenputtel an aner Helde au den Märercher an d’Liewe bréngen.
Dono geet et an d’grousse Park mat einheimeschen an exoteschen Déieren, zu den Aquarien an Terrarien oder an d’Tropenhaus Amazonia . De Miniaturzuch an de Pony Express sinn och ganz populär.
D’Kanner kënnen sech ob der grousser Spillplaz , mat de Mini-Autoen oder mam Minigolf austoben. Dir kënnt Iech am Restaurant an an der Cafeteria mat enger iwwerdaachter Terrass stäerken. Mat direkter Vue ob d’Spillplaz.
Offiziell Websäit: https://parc-merveilleux.lu/
Ëffnungszäiten:
Saison 2021: Open vum 27. Mäerz bis den 10. Oktober 2021!
Méindes – Sonndeg | 9:30 – 19:00 |
Präis:
Erwuessener | 10 € |
Kanner tëscht 3 an 14 Joer | 7 € |
Studenten, Serioren (+60 Joer), Leit mat Behënnerungen: | 8 € |
- Gratis-Parkplaz
- Hënn sinn a ville Beräicher un enger Léngt wëllkomm