Caipirinha-Rezept

De Caipirinha ass e brasilianescht Kultgedrénks mat Cachaça & Limettenjus. En erfrëschend Gedrénks dat op kenger Party feelen sollt.

De Begrëff Caipirinha ass déi weiblech Verniedlichungsform vum brasilianesche Caipira , wat sou vill wéi „Bauer“, am Sënn vu „Landei“ bedeit. Also eng Caipirinha ass wéi e „Baueremeedchen“. Allerdéngs mat engem heije Prozentsatz vun Alkohol.

Eigentlech gouf d’Gedrénks net hiergestallt fir stilvoll Alkohol ze drénken, mee als Medezin. Am Joer 1856 war eng Choleraepidemie zu Paraty , en Duerf 250 Kilometer ëstlech vu São Paulo. Dobäi gouf Flosswaasser als Flëssegkeetsversuergung eliminéiert.

Dowéinst hunn se ob den Zockerrouer Schnaps Cachaça zréckgegraff , dee mat Waasser, Zocker a Limettenjus vermëscht gouf, fir manner Alkohol am Gedrénks ze hunn.

Zutaten / Ingrédiente:

  • 1 Limett
  • 2-3 Téiläffel feine wäisse Zockerrouer (alternativ brongen Zocker)
  • 5 cl Cachaça
  • (Lime Juice) optional
  • Crushed Ice

Rezept:

  • Limett mat waarmem Waasser ofspullen, dreschen reifen.
  • Limett an 8 Stecker schneiden, déi mat Zocker an een Glas ginn an mat engem hëlzene Stéisser zerdrécken
  • Den Cachaça derbäi ginn
  • Wann Dir wëllt, kënnt dir 1 cl Limettenjus dobäi ginn.
  • Fëllt de Rescht vum Glas mam Crushed Ice.
  • Alles gutt ëmréieren an mat engem Stréihallem zerwéieren

Affiliates Links*: