Schockelas-Brout

Heiansdo ass et sou einfach eppes Leckeres ze zauberen. A wann Dir wëllt datt et séier a spontan ass, ass dës Schockelas-Brout genau richteg. Well Dir nëmme 4 Zutaten/ Ingrédiente braucht. Déi bescht Saach dobäi ass, dass et net nëmme super schmaacht , mee dobäi och wierklech super ausgesäit.

Zutaten / Ingrédiente:

  • 1 Rouleau Bliederdeeg
  • 1 Tablett Schockela
  • 1 Ee
  • gehackten Hieselnëss

Rezept:

  • Rull den Bliederdeeg um Bakpabeier aus, a leen Tablett Schockela ob den ieweschten Rand an d’Mëtt
  • Schneid elo den Deeg am Ofstand vun 2 Zentimeter kromm zum Schockela an. Dat soll ob béid Säiten parallel dozou geschéien
  • De nächste Schrëtt erfuerdert e bëssen Fangerspëtzegefill: huelt den ieweschten Deel vum Deeg a klappt en iwwer de Schockela.
  • De Rescht ofschneiden. Elo wësst Dir och wéi vill Dir fir de Rescht vum Deeg ofschneiden hutt.
  • Nodeems Dir déi néideg Kierzungen gemaach hutt, klappt Dir elo d’Deegschichten ofwiesselend openeen
  • Da pinselt Dir d’Trëtz mam geschloen Ee, wat dono beim Baken schéin Brong gëtt
  • Wärend den Uewen op 200 Grad virhëtzt, verdeels du e puer gehackten Hieselnëss iwwer Schockelas-Brout.
  • Schlussendlech setzt en an den Uewen fir 20 bis 25 Minutten 

Affiliates Links*: