Déi am meeschte erwaartene Filmer am Joer 2021: Kino Highlights fir Männer

2021 wäert och e Filmjoer ginn, dat vu Corona bestëmmt gëtt. Trotzdem ginn e puer richteg cool Blockbuster Hits annoncéiert. Mir presentéieren déi meescht erwaart Filmer vun 2021

Dune

Den Denis Villeneuve („Arrival“, „Blade Runner 2049“) bréngt mat „Dune“ eng weider Verfilmung vum Frank Herbert sengem Kultroman op d‘Leinwand.
Den haart erwaarten éischte vun zwee Deeler soll eréischt am Oktober 2021 erauskommen.

Dune ass ee Wüstenplanéit an déi eenzeg Quell enger mysteriéiser Substanz mam Numm Spice respektiv Melange. Déi Drog verlängert net nëmmen d‘Liewen, mee erméiglecht iwwermënschlech Räsonementer an d‘Navigatioun duerch den Universum.

F9

Näischt kann d‘“Fast&Furious“- Rei ausbremsen. Ausser villäicht de Coronavirus. Dowéinst gouf den eigentleche Starttermin am Summer 2020 op Äis geluecht. Aktuell ass de Film fir de Mee 2021 geplangt.

Am „F9“, dem virleschten Deel vun der laanger Rei („F10“ wäert aus zwee Filmer bestoen), kréien den Dom (Vin Diesel) a seng Famill et mat sengem jonke Brudder ze dinn, dee vum Cypher benotzt gëtt, sech un der Auto-Gang ze rächen. De F&F Veteran Justin Lin iwwerhëlt fir d’fënnefte Kéier d‘Regie.

Mission: Impossible 7

Dat perfekte Beispill vun enger Franchise déi mat all Deel besser gëtt. Nieft dem Tom Cruise ass de Regisseur Christopher McQuarrie, deen och déi zwee Virgänger geleet huet, och rëm mat vun der Partie fir de siwenten Deel vun der „Mission: Impossible“-Rei.

Zur Handlung ass nach näischt Geneeës bekannt. Sécher ass awer, datt d‘Maacher parallel och um aachten Deel dréinen, deen ee Joer nom „M:I 7“, dee fir den November 2021 ugesat ass, an d‘Kinoe kënnt.

Matrix 4

18 Joer nom Enn vun der „Matrix“ Trilogie gëtt et elo e véierten Deel. Firwat? Well et Hollywood ass. Et ass geplangt datt de Film fir Chrëschtdag 2021 an d’Kinoe kennt

Zur Handlung ass nach näischt gewosst, awer et ass kloer datt de Keanu Reeves an d’Carrie-Ann Moss an hir schwaarz Mäntel klamme wäerten. An natierlech déi schwaarz Brëller net ze vergiessen. D’Laurence Fishburne an den Hugo Weaving kommen awer net zréck.

Godzilla vs. Kong

Wat kéinte Fans sech méi wënsche wéi e CGI-Fight tëscht den zwou gréissten a legendäerste Film-Monstere vun allen Zäiten, dem Godzilla an dem King Kong? Mat den neie Solofilmer si béid Risen an de leschte Joren erëm lieweg ginn an elo treffen se an engem Film endlech openeen.

D‘Geschicht? Egal. De Fokus läit op der Aktioun. E Spektakel dee säi vollen Effet nëmmen am Kino kann entwéckelen, wéi een dat vu Warner Bros gewinnt ass. Nieft der Kino-Verëffentlechung gëtt de Film och online den 21. Mee disponibel.

Killers of the Flower Moon

D‘Membere vum Osage-Clan an den USA ginn ënner mysteriéisen Ëmstänn an den 1920er ermort, wat zu enger grousser F.B.I. Ermëttlung mam J. Edgar Hoover féiert.

En neie Martin Scorsese Film ass ëmmer d‘Ursaach fir Erwaardung. De Leonardo DiCaprio an de Robert De Niro ergänzen d’Erwaardung. D’Produktioun fänkt am Februar un, also wier et e klengt Wonner wann de Film nach 2021 erauskomme géif. Wann net, hu mer schonn eppes fir eis op d‘Joer 2022 ze freeën.

Keine Zeit zu sterben

Och deen neisten a gläichzäiteg leschte Bond-Film mam Daniel Craig als 007-Agent sollt u sech 2020 erschéngen, gouf awer schon e puer mol verréckelt. Elo soll en 2021 an de Kino kommen, mee wéini genee, dat steet nach an de Stären.

De James Bond ass pensionéiert. Awer wéi säin ale Kolleeg a CIA Spioun Felix Leiter hien ëm Hëllef freet, kënnt de Bond engem neien, geféierleche Feind (Rami Malek) op d‘Spuer, mat dem net ze spaassen ass.

Uncharted

De Prequel-Film fir d’Videospielserie mam selwechten Numm, deen e jonken Nathan Drake (gespillt vum Tom Holland) weist, deen duerch d’Welt reest an sech  duerch archaeologesch Puzzelen een Numm als Schatzsicher mécht.

D’Adaptatioune vu Videospiller hunn traditionell kee gudde Ruff. Awer den Abenteuerfilm vum Ruben Fleischer („Zombieland“ a „Venom“) hutt d’Potenzial. De 16. Juli 2021 gesi mer wéi gutt de Film ginn ass.

Top Gun: Maverick

No méi wéi 30 Joer kënnt den Tom Cruise als Kämpferpilot Pete Mitchell zeréck. Bekannt Kolleege wéi Miles Teller, Jon Hamm, Jennifer Connelly, Ed Harris a Val Kilmer wäerten och dobäi sinn.

Vum 2. Juli 2021 u kënnen d’Fans nach eng Kéier iwwer d’Wolleke fléien a sech selwer iwwerzeegen, wéi eng onheemleche Stunts den Adrenalin-Junkie Tom Cruise selwer mécht.

Last Night in Soho

E jonkt Meedchen, dat sech leidenschaftlech fir Designermoud interesséiert, ka mysteriéiser Weis an d’1960er Jore zréckgoen, wou hat sengem Idol, enger „schillernder Möchtegern-Sängerin“ begéint. Awer dëst London aus de 60er ass net dat, no wat et schéngt an alles verkomplizéiert sech mat der Heemrees.

Dee leschte Film vum „Baby Driver“ Regisseur Edgar Wright versprécht nach eemol vill Styl, Funky Musek, eng lieweg Inzenéierung an einfach Spaass. De Startdatum ass den 23. Abrëll 2021.

Army of the Dead

Och wann de Zack Snyder haaptsächlech mam sougenannte Snyder Cut fir „Justice League“ beschäftegt war, deen Ufank 2021 erauskomme soll, huet hien ëmmer nach Zäit fonnt fir e Film ze maachen.

No engem Zombie-Ausbroch zu Las Vegas, geet eng Grupp vu Söldner an d’Quarantänzone fir dee gréissten Iwwerfall ze maachen, dee jeemools probéiert gouf. E bësse wéi „Ocean’s Eleven“, just ebe mat Zombien.

De Startdatum ass de Summer 2021 op Netflix.

Bildquellen:

  • dune: Warner bros.
  • f9: Universal Pictures
  • mi7: Getty Images / Alberto PIZZOLI
  • matrix: Warner Bros.
  • dozillakingkong: Warner Bros.
  • killersoftheflowermoon: Getty Images / Kevin Winter
  • keinezeitzumsterben: Sony Pictures
  • uncharted: Sony Pictures
  • topgunmaverick: Paramount Pictures
  • lastnightinsoho: Focus Features
  • armyofdead: Netflix