Gin-Tonic-Kuch
Kläng ze gutt fir wouer ze sinn? Net bei eis. Wat kritt Dir wann Dir zwou super Saache kombinéiert? Richteg, eppes nach méi Superes!
Den Gin an Tonic Kuch , iwwerzeegt mat engem aromatesche a liicht gehäerzten Goût. Déi bescht Saach ass datt d’Virbereedung einfach ass. Och den gréisste Bakallergiker kritt dat hinn.Zutaten / Ingrédiente:
- 300 Gramm Botter
- 260 Gramm Zocker
- 1 Pack Vanillzocker
- 5 Eeër
- 350 Gramm Miel
- 2 Téiläffel Bakpolver
- 6 Iessläffel Gin
- 50 Milliliter Tonic
- Gerappte BIO-Zitrouneschuel
Rezept:
- Botter an Zocker schloe bis et schaumeg ass, dono Vanillszocker dobäiginn. Lues a lues d’Eeër aréieren.
- Miel a Bakpolver zesummen mëschen an zum d’Botter an d’Zockergemësch dobäi ginn
- 3 Iessläffel Gin, Tonic wei och Zitrouneschuel dobäi ginn.
- Bakform afetten, an den Deeg aleeën.
- Bak den Deeg am virgehëtzten Uewen 60 Minutte laang bei 180 Grad
Topping:
De Pudderzocker an 3 Iessläffel Gin mëschen. Dekoréiert de fäerdege Kuch domat a mat méi Zitrouneschuel.
Affiliates Links*:
Bildquellen:
- DCC1C7B2-460C-4176-A3A5-CF72A682F6A9: iStock / Roxiller / igorr1; Montage