Vitarium

Am Vitarium kënnt Dir Deeler vun der Produktioun a Verpakung vu Luxlait Produkter gesinn.
Dat Ganzt ass an enger kannerfrëndlecher Geschicht verpack , tëschenduerch kënnt Dir bei den verschidde Statioune vun der Fabrik gesinn a vill léieren iwwer d’Schafe vu Botter oder aner Mëllechprodukter .

Um Enn vum Tour gëtt et eng Degustatioun vun e puer Luxlait Produkter gemaach. An der interaktiver Ausstellung kann een sech richtigt austoben. 45 Geräter, Tester a Spiller invitéieren Iech matzemaachen. Fir den Tour duerch d’Produktiounsanlag musst dir Iech am viraus umlellen. Et gëtt och e Restaurant, wou all Dag Mëttegiessen zerwéiert gëtt. Sonndeg kritt een flotten Buffet.

Virum Vitarium gëtt eng kleng Spillplaz fir d’Kanner

Offiziell Websäit: https://www.vitarium.lu/

Ëffnungszäiten & Präis:

Affiliates Links*:

Kaart: