Mathematiker huet dem Homer Simpson säi Gehalt berechent

Home SImpsons

Wéi vill verdéngt den Homer Simpson tatsächlech? Hie war de Kleeschen, hie war CEO, awer déi meescht vun eis kennen hien als Sécherheetsinspekter vum Springfield Atomkraaftwierk.

E Mathematiker huet dem Homer Simpson säi Gehalt berechent.
Insgesamt hu mer den Homer Simpson ob 188 Aarbechtsplaze gesinn- méi wéi den Duerchschnëttsamerikaner den zéng Liewen dofir bräicht.

Awer wéi vill verdéngt den Homer tatsächlech? A wéi vergläicht säi Salaire sech mam amerikanesche Duerchschnëtt?

Mëttelklass oder UPPER CLASS?
Et ass ganz schwéier op eng präzis Zomm ze kommen, wat net verwonnerlech ass. Glécklecherweis hunn déi gedëlleg Leit vun Vox sech d’Zäit geholl fir Zuelen e bëssen ze jongléieren.

Baséiert vum Gehaltscheck aus der siwenter Staffel, huet Vox festgestallt dass den Homer ronn 430 € pro Woch verdéngt. Dat sinn ëmgerechent 11 € pro Stonn.

Mat dësem Gehalt ass dem Bart an dem Lisa säi Papp bal genau am ënneschten Drëttel vun der US Mëttelklass gelant.

Dir kënnt déi detailléiert Berechnung vum Homer sengem Gehalt am Video hei drënner gesinn.

Affiliates Links*:

Bildquellen:

  • homersimpsonsgehalt: twitter/cragslistcash